lb fr pt en de
Jahr C (2015-2016)  
30. Januar 2016

Geliefte Léift

31.01.2016

Lk 4,21-30

D’Evangelium vun haut fänkt un mam Schlusssaz vun deem vum leschte Sonndeg. Eng brenzleg Situatioun: Et ass esou eppes wéi „Einer gegen Alle“ an deem klengen Nascht vu Galiläa. De Jesus seet: „Haut huet dat Wuert sech erfëllt, wat dir elo grad héieren hutt. Haut, hei, elo fänkt mat mir d’Räich vum Herrgott un.“

Stellt iech emol vir, mir wären d’Awunner vun Nazareth. Wéi géife mir reagéieren? Bräichte mir net e siichtbaart Zeechen, fir esou eng Behaaptung kënnen ze gleewen? Wéi oft héiert een: Wann haut esou e Wonner géing geschéien, da wär et vill méi einfach, fir ze gleewen. Mir géingen also och vun dësem Jesus e Beweis fuerderen. Et ginn esou vill schwéier Schicksaler: déi kriibskrank Mamm vun deenen dräi Kanner, oder dee Mann mam Hireschlag, dee sech selwer net méi hëllefen kann. Krankheeten, Krich, sou vill Misär a Leed, do géif et genuch ze di fir de Jesus. Net 
anescht hunn d‘Mënsche ronderëm hie gesot. Huelt den Thomas no der Operstéiung: „Ech gleewen nëmmen, wat ech och gesinn!“ Jesus, du, dem Jousef säi Jong, ee vun eis, bréng eis sichtbar Zeechen, ugeholl du bass iwwerhaapt emol e gudde Kierchegänger, dee sech un alles hält, wéi mir dat ëmmer gewinnt waren.

Vläicht erënnert der iech un déi onrühmlech an ongerecht Degradéierung vum Jacques Gaillot als Bëschof vun Évreux a Frankräich an de 90er Joeren. Hien huet Tabue gebrach, ouni sech u Konventiounen ze stéieren. En ass op Auslänner, Homosexueller, Drogenofhängeger zougaang, an huet Verständnis fir si gewisen, fir Mënschen, déi net nëmmen ausserhalb vun der Kierch, mä och ausserhalb vun der Gesellschaft stoungen. Hien huet verkuuschte Viruerteeler ugekraazt a Skandaler an der Ëffentlechkeet provozéiert. Dat, wat hie verkënnegt huet, huet en och gelieft, an all seng Aktioune ware begrënnt op d’Evangelium vu Jesus Christus. Hien huet déi Frou Botschaft do verkënnegt, wou se ganz seelen ze héiere war. Hien huet Gottes Léift siichtbar a spierbar gemaach. Bei deenen awer, déi behaapten, d’Evangelium gutt ze kennen, ass en domadder op Onverständnis an Ofleenung gestouss.

Mir hunn am Korintherbréif héieren, wat dat heescht: Léift. Grad am Joer vun der Baarmhäerzegkeet, an deem Joer, wou d’Mutter Teresa vu Kalkutta helleg gesprach gëtt, geet et drëm, konkret ze sinn, an déi Botschaft vu Jesus Christus ëmzesetzen. Huele mir déi Texter, déi mer all Sonndeg an der Kierch héieren, eescht, oder lafe se laanscht eis? Ass dee Gott vun der Léift, deen an der Mass matten ënnert eis ass, och wierklech spierbar an eiser Gemeinschaft? Gleewe mir drun, datt dem Herrgott säi Räich haut bei eis ugeet, wa mir eis fir déi Benodeelegt an eiser Gesellschaft asetzen?

D’Awunner vun Nazareth hunn net konnte gleewen, wat Jesus hinne gesot huet. Si hu méi en Dichtegen erwaart. A mir? Si mir prett, eppes un eiser Mentalitéit ze änneren? Wëlle mir och Sensatiounen a Wonner gesinn? Well Jesus awer a sengem Duerf nëmmen op Onglawe gestouss ass, huet e sech vun hinnen ofgewant a sech un d‘Heede geriicht. Hien zitéiert an deem Sënn d’Beispill vun enger Frau aus Sarepta a Phoenizien, vun engem Naaman aus Syrien, zur 
Zäit vun de Prophéiten. Si ware Friemer fir d’Vollek Israel. Sie hu gelauschtert a gegleeft, wat se vu Gott a senger Léift gezielt kruten. An do konnte Wonner geschéien.

Do also, wou Mënschen un d’Kraaft vu Gott gleewen, do, wou mir als Gemeinschaft am Vertrauen op Gott eis op de Wee maachen, do wou mir selwer d’Frou Botschaft si fir déi Kleng, déi Schwaach an déi Benodeelegt, do geschéie Wonner.

Fernand HUBERTY
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu