lb fr pt en de
Jahr C (2015-2016)  
8. Oktober 2016

Gleewen heescht och dankbar sinn

09.10.2016

Lk 17,11-19

Zéng aussätzeg Männer komme bei de Jesus. Haut géife mer wuel vun zéng (oder vu vill méi) Mënsche schwätzen, déi um Rand vun der Gesellschaft liewen, an et wären och net nëmme Männer, mä wuel grad esou vill Fraen a Kanner.

D’Männer bleiwe méi wäit ewech stoen: Si wëssen, datt se „aussätzeg“ sinn an deenen „normale“ Leit net ze no kommen däerfen. Och déi Mënschen, déi um Rand liewen, wëssen, datt se an där Gesellschaft net wëllkomm sinn, an dat deet hinne ganz sécher wéi!

D’Männer gi geheelt, d. h. si ginn erëm an d’Gesellschaft integréiert. Duerno kennt hir Freed wuel keng Grenzen. Wat solle se alles gemaach hunn, wéi se gesinn hunn, datt se geheelt waren? Et gëtt net erzielt, mä et ginn onendlech vill Méiglechkeeten, ë. a. déi, datt se näischt méi vun deenen däischtere Stonnen an hirem Liewe wësse wollten...

An da fannen der néng vun deene Geheelten dëst „Wonner“ op eemol ganz normal... Stellt iech emol einfach vir, mir – dir an ech – wären och ënner deenen néng do gewiescht! Well mir all ëmfannen dach verschidde Saachen no enger Zäit als ganz normal, oder?

Een eenzege Geheelte geet zréck bei de Jesus, fir Merci ze soen an den Härgott ze luewen. Hie besënnt sech op dat, wat Dankbarkeet bedeit. A vläicht méi ewéi dat: Hie bréngt et fäerdeg, ëmzekéieren a sengem Liewen eng nei Orientéierung ze ginn. Dat ass ausgerechent e Samariter! Ass dat net dach e bëssen eng Provokatioun vum Jesus, den „déifgleewegen“ Judden, déi esou dacks um Buschtaf reiden, grad e Samariter als dat grousst Virbild dohinzestellen? An et ass net fir d’éischt!

„Ein Zeichen hellen Verstandes...“

Looss mer d’Geschicht an äis Zäit iwwersetzen: Dee Geheelten ass een, deen net onbedingt gleeweg ass, een, dee vläicht net (méi) an d’Kierch geet, en „Abtrünnigen“, woufir och ëmmer... Awer hien emfënnt säin „neit“ Liewen – ouni Aussaz, ouni Ausgrenzung – als Geschenk! An zwar vum Härgott!

Dee Geheelten, dat kënnen och Friemer sinn, z. B. Flüchtlingen. Oder ganz einfach Leit, déi äis eng Lektioun erdeele kënnen, wann et drëm geet, Merci ze soen. Och fir Klengegkeeten! Wéi vill méi dacks kritiséiere mer léiwer wéi ze luewen an deen aner ze erhéijen, him eng besonnesch Bedeitung zu schenken? D’Kritiséieren ass eng Haltung vun Iwwerhieflechkeet, d’Luewen an 
d’Wäertschätzen eng vun Demut. An déi zweet ass wuel vill méi schwéier...
Wann mir eis, wann ech mech, op déi Haltung aloossen, gi mir a ginn ech opmierksam a sensibel fir esou vill Momenter, an deenen ee säi Liewen als Geschenk emfënnt – oder emfanne misst. Dat gëtt d’Dankbarkeet – och vis-à-vis vum Härgott – zu enger Grondhaltung, déi immens wichteg ass! Dankbarkeet setzt jo och Respekt virum anere viraus a féiert derzou, datt mer dem Matmënsch eng Plaz an eisem Liewe ginn. An och dem Härgott!

De Schwäizer Paschtouer an 
Erzieler Jeremias Gotthelf (1797-1854) dréckt dat esou aus: „Dank ist keine Erniedrigung, sondern ein Zeichen hellen Verstandes, welcher die Verhältnisse erkennt, und ein Zeichen eines guten Gemütes, welches der Liebe fähig ist. Denn wer nicht danken kann, kann auch nicht lieben.“ Domat ass wuel alles gesot.

Quell: Luxemburger Wort

Monique HERMES
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu