lb fr pt en
Jahr C (2015-2016)  
20. August 2016

Mir sinn agelueden

21.08.2016

Lc 13,22-30

Déi Fro, déi eis ëmmer erëm plot, ass: Wien? Wivill? kommen an den Himmel?

D’Zeugen Jehovas probéiere souguer, wéi vill anerer, auszerechne wéi vill der gerett ginn.

D’Fro déi sech hei stellt, dat ass dat mat där enker Dier. Ëmmer erëm gëtt doriwwer spekuléiert. Och aner Wierder vum Jesus ginn do an déi selwecht Richtung. Vill engagéieren sech der, mä d’Dier ass eben enk an do kommen der wéineg eran. (Kann een net och soen: do kënnt een nëmmen eran, wann een sech dënn mécht, wann een net mat zevill Onnëtzem gelueden ass.) Anersäits kënne mer, an der Suite vun deem wat ech dee leschte Sonndeg, oder besser gesot op Mariä Himmelfahrt, geschriwwen hunn, a wat ech oft bei de Begriefnisser a Läichendéngschter soen: „Am Haus vu mengem Papp ginn et vill an déi verschiddenaartegst Wunnengen. Wann et net esou wär, hätt ech dann net gesot: ech ginn iech eng Plaz preparéieren.“

Mir mussen drop oppassen, den hl. Lukas huet säin Evangelium geschriwwe wéi d’Chrëschte verfollegt gi sinn. Dat heescht et war net méi sou einfach. Nieft deene Spannungen zwëschent de jüddeschen an de chrëschtleche Communautéiten, war elo och nach d’Verfolgung agetratt. An den Evangelist erënnert sech un eng Bemierkung vum Jesus, dee seng Leit wëllt oprëselen. Den Abraham, Isaak a Jakob an all Prophéiten, déi hunn op d’Wuert vum Herrgott gelauschtert. An déi Nofolger, déi elo hei liewen, seet de Lukas, déi maachen sech zou fir d’Wuert vum Jesus.

Duerch dës Bemierkung äntwert de Jesus zwar net op d’Froe vu sengem Auditoire iwwer d’Zuel vun deenen déi gerett ginn, awer hie mécht déi Fro op. Et muss een e Glawenssprong maache fir ze lauschteren, et muss ee Vertrauen hunn. Dat ass net einfach, well de Jesus geet e Wee, deen zum Kräiz féiert, a seng Nofolger, seng Schüler, seng Frënn, mussen elo och esou e Wee goen. E Wee, dee keng Autobunn ass, mä e Biergpad mat senge Schwieregkeeten a mat allem, wat vu Geforen op ee lauert. Awer se komme vun Norden, vu Süden, vun Osten a vu Westen. Seng Botschaft geet iwwer all Grenzen ewech.

D’Heel, d’Räich Gottes, ass net nëmme fir ee Vollek bestëmmt. „Les premiers seront les derniers – die Ersten werden die Letzten sein“. Dat zielt deemools sou gutt wéi haut. Dat ass net nëmmen fir d’Vollek vum Moses, mä d’Wuert vum Herrgott trëfft och eis, déi mir haut liewen. Mir dierfe jo nëmmen net mengen, well mer iergendwann eng Kéier gedeeft gi sinn, hätte mer e Recht op dat Räich Gottes. Jesus ass de Retter vun alle Mënschen an do gëtt et, wahrscheinlech, grouss Iwwerraschungen um Enn vun der Zäit.

Quell: Luxemburger Wort

Fernand HUBERTY
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu