lb | fr | pt | en |
Identitéit an Zäite vu Verännerung
Priedegt vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich am Te Deum
(Transkriptioun vun der fräi geschwatener Priedegt vum Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich)
Altesses Royales,
Exzellenzen,
léif Leit alleguer,
erlaabt, dass ech fir d’éischt der Maîtrise Merci soen. Si séngt ëmmer wonnerbar schéin, mee haut hu se e besonnesche Programm: et sinn esou vill Musikstécker do vun 1945, wéi eis Grande-Duchesse Charlotte aus dem Exil erëmkomm ass. Dat verbënnt dës Plaz an dat verbënnt äis allerguerte mat der Geschicht a mat engem Stéck Identitéit vum lëtzebuerger Vollek, vun der lëtzebuerger Natioun.
An Identitéit, Altesse Royale, Dir hutt et de Moie meeschterhaft gesot, Identitéit ass eppes, wat ganz wichteg ass fir e Vollek. An et ass besonnesch wichteg an Zäiten, wou eis Kultur sech séier verännert. A mir sinn an esou enger Zäit. Di eng nennen et postmodern Gesellschaft, di aner post-postmodern Gesellschaft. Et kann ee verschidden Nimm ginn, mee et bewierkt a ville Leit och eng grouss Onsécherheet. Eng Onsécherheet virun der jetzteger Zäit an och eng Onsécherheet virun der Zukunft. A mir wëssen aus der Geschicht, dass esou Zäite vun Onsécherheet ganz geféierlech kënne sinn, well do kënne Saachen derbäi eraus kommen, wou ee sech net freet, wann ee sech seng eege Sécherheet opbaue muss, seng eegen Identitéit nei definéiere muss.
An ech mengen zu däer Identitéit gehéieren och d’Reliounen, well d’Relioune sinn eppes, wou d’Leit sech dermat identifizéieren. An dat stëmmt sécher zu Lëtzebuerg fir d’Kathoulesch Kierch, fir di Jüdesch Communautéit, di scho ganz laang hei am Land sinn, an dat stëmmt och fir déi Reliounen, déi net nei sinn, awer e bësse méi nei sinn, an déi och Lëtzebuerger hunn, déi och Punkte vun Identifikatioun a vun Identitéit fir vill Matbierger sinn.
An duerfir, grad an deem kulturelle Wandel, ass et duerfir vu gréisster Wichtegkeet, dass déi Reliounen och hir Plaz an der Gesellschaft hunn, niewen aneren Akteuren, dat ass ganz kloer. Mee dass och d’Relioune mussen hir Plaz hunn, an dat heescht och, dass zur Identitéit vun deene Reliounen och déi Gebaier gehéieren, wou Relioun praktizéiert gëtt.
Well vill Lëtzebuerger identifizéiere sech mat dëser Kathedral. Et ass op dëser Plaz, wou viru 70 Joer gefeiert gouf, dem Härgott Merci gesot gouf, der Muttergottes Merci gesot gouf, dass eist Land nees fräi ass an dass d’Grande-Duchesse nees do war. An op ville Plaze sinn et d’Kierchtierm, déi och an eisen Uertschaften, an eise Stied, an eisen Dierfer di lëtzebuergesch Identitéit prägen. Dat net unzehuelen oder dergéint ze goen, dat, mengen ech, wier ganz grave fir di Identitéit vum lëtzebuerger Vollek, grad an däer Situatioun vum kulturelle Wandel.
Mee dat heescht och, dass mir als Reliounen äis mussen nei opstellen an an d’Zukunft eragoen. Dat heescht och, dass mir net däerfen déi Relioune sinn, wou een deen anere bekämpft, mee wou mer mat groussem Respekt – a Respekt ass méi ewéi Toleranz – zesummen an d’Zukunft ginn an als Reliounen eise Bäitrag leeschte fir di Eenheet an di Identitéit vum lëtzebuerger Vollek. Well Identitéit ass gebündelt an dësem Moment, se kritt hir Legitimitéit vun der Vergaangenheet, mee se kann nëmme bestoen, wa se an Zukunft op ass; an eng Identitéit, déi sech verschléisst ass eng Identitéit, déi ënnergeet.
Et mécht mech traureg, wann ech am Internet Kommentairen heiansdo liesen, wat do iwwer Flüchtlinge gesot gëtt. Do musse mir äis als Chrëschten, als Moslem, als Judden, als Lëtzebuerger derfir schummen. Leit, déi esou vill Leed op sech geholl hunn, déi verdriwwe gi sinn, déi honnerte vu Kilometer hu misse goen – a mir mat eise Wäerter, mir wieren net méi bereet, fir déi opzehuelen. Dat wier ganz traureg.
Wann dat esou wier, dann hätte mer eis lëtzebuerger Identitéit verroden an da géife mer et net méi verdingen, de Retour vun der Grande-Duchesse a vun der Fräiheet ze feieren.
Loosse mer also als Lëtzebuerger zesummen an d’Zukunft goen. D’Relioune si prett, hiren Deel ze maachen, wa Politik a Gesellschaft dat akzeptéieren.
A mer wëlle biede fir eis groussherzoglech Famill, fir d’Grande-Duchesse a fir eise Groussherzog, well si verkierperen déi Identitéit vun eisem Land. Mir si frou an houfreg, dass mer se hunn. Vive Lëtzebuerg! Vive d’groussherzoglech Famill! Vive eis Grande-Duchesse! Vive eise Grand-Duc! Amen.
- De Kalenner vum Kardinol . Le calendrier du cardinal
- Hierdebréiwer & Messagen . Lettres pastorales & messages
- Rieden & Interviewen . Discours & entretiens
- Kardinolserhiewung . Création cardinalice
- Aktivitéiten . Activités
- Kardinal Jean-Claude Hollerich
- Kardinol Jean-Claude Hollerich an de peepstleche Rot fir den interreliéisen Dialog genannt
- Erzbischof Jean-Claude Hollerich geht am 13. August nach Fatima
- Cardeal Jean-Claude Hollerich
- Cardinal Jean-Claude Hollerich