lb fr pt en
Jahr C (2015-2016)  
15. Oktober 2016

Well mer dem Härgott net op d’Nerve ginn…

16.10.2016

Lk 18,1-8

Bieden ass am Lukas-Evangelium en zentraalt Thema. Ëmmer erëm stellt hien de Jesus duer als deen, dee biet, dee seng Begleeder léiert, wéi se biede sollen an hinne Mutt mécht, fir net opzeginn.

Wann een d’Evangelium vun dësem Sonndeg liest, da kënnt engem ee Wuert direkt an de Kapp, nämlech Beharrlechkeet. De Jesus weist senge Jünger unhand vun där Witfra, déi dem Riichter „eng eenzeg Plo ass“ an nëmmen dofir zu hirem Recht verhollef kritt, datt se dës Bieden net midd gi sollen.

De Jesus seet äis, datt den Härgott uspriechbar ass an – anescht wéi beim Riichter – datt mer him net op d’Nerve ginn, wa mer bieden a wuel och emol dann an t’wann eppes froen. Oder awer e besonnescht Uleies virun hie bréngen.

Wat huet Biede fir e Wäert? Wat ännert sech? Dës Froe stelle mer äis, wa mer eng schwiereg Situatioun net verstinn. Wann e jonke Mënsch duerch en Accident aus eiser Mëtt gerappt gëtt. Wann eng bluttjonk Persoun u Kriibs stierft. Wa schonn erëm en terroristeschen Akt geschitt ass. Wa Mënsche schrecklech leide mussen. Ech kënnt weiderfuere mat Opzielen!

An esou Momenter kommen Zweiwel op un engem gerechte Gott. Well en esouvill Misär zouléisst. Well e keng Äntwert gëtt op all eist Ruffen. Well e ganz wäit vun äis Mënschen ewech ze si schéngt. „Wou bleift den Härgott?‘, froe mer dann nawell gär.

Jo, an esou Momenter ka Bieden zum Problem ginn, well alles ëmsoss ze si schéngt. No eisem Ermiesse kann et dach net am Intressi vum Härgott sinn, datt dat do alles geschitt. Do misst en dach agräifen... Wuelverstan, no eisem Ermiessen!!! Mä eist Ermiesse schéngt mer nun eemol net 
d’Ermiesse vum Härgott ze sinn...

Eng Saach vu Vertrauen

Dës lescht hunn ech mech gefrot – no enger gudder Priedegt vun eisem Dechen – ob ech net heiansdo „dernieft leie“ mat mengem Gebiet. Ob ech den Härgott dann tatsächlech (nach) iwwer alles informéiere muss, wat mer esou um Häerz läit. Ob ech net einfach emol soll lauschteren. A mech eran – an domat vläicht op Gott. An ob ech dann net vläicht selwer dës oder déi „Äntwert“ erkennen.

Bieden heescht net, dem Härgott e Kommando ginn, wat hien dann elo ze maachen hätt. Bieden ass virun allem eng Saach vu Vertrauen. Vertrauen an dee Gott hunn, dee wuel en oppent Ouer fir all eis Uleies huet, dee sech awer net vun äis dirigéiere léisst. Am Biede kënnt et drop un, mat ze denken – an aus deem Matdenken eraus ze handelen.

Dat ass ganz sécher net einfach. An et geet och net vum selwen. Mä Biede geet nun eemol net vum selwen. Et ass dem Jesus sécher net 
liicht gefall, wéi e viru sengem Leiden aus senger Angscht eraus gesot huet: „Net mäin, mä däi Wëll soll geschéien!“ Och dat steet am Lukas-Evangelium (Lk 22,42). An och dat ass e Gebiet!

An enger „Wortgottesfeier“ vum Paschtouer Hermann Ritter steet dat hei: Een ale Mann souz all Dag méi wéi eng Stonn op senger fester Plaz hannen an der Kierch. Wéi e gefrot ginn ass, ob hien dem Härgott dann esou vill ze soen hätt, an ob him ëmmer nach eppes afale géif, fir ze bieden, huet hie geäntwert: „Et ass vill méi einfach. Ech soen ëmmer: Du bass do. An ech sinn do. Du gesäis mech an ech gesinn dech. An dat ass genuch.“

Bieden? Jo. Dem Härgott vertrauen, äis him uvertrauen an net esou séier opginn, well mer wëssen, datt mir him net op d’Nerve ginn. Ech net. An du och net. An dann och nach op hie lauschteren. Dat wär wichteg ...

Quell: Luxemburger Wort

Monique HERMES
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu