lb fr pt en
Jahr C (2018-2019)  
2. März 2019

En authentesche Chrëscht

De Kommentar zum 8. Sonndeg am Joreskrees vum Romain Richer (3. Mäerz 2019)

Lk 6, 39-45

Wa mer vun engem authentesche Mënsch schwätzen, dann hu mer eng Persoun virun Aen, déi genee dat lieft, vun deem se schwätzt. Eng authentesch Persoun akzeptéiert sech selwer esou, wéi se ass, se erkennt hir Stäerkten a Schwächten a verstoppt dës net einfach. Se lieft esou, datt se sech selwer mat engem realistesche Bléck ukuckt. En authentesche Mënsch verdréit Réckmeldunge vun aneren, och wa se net onbedéngt positiv sinn. An esouguer wann en doduerch Nodeeler erliewe muss, hie bleift senger Iwwerzeegung, senge Wäerter trei!

Am Evangelium vun haut gi mer opgeruff, als authentesch Chrëschten eise Liewenswee ze goen. Dat heescht: wann ech als Chrëscht liewe wëll, da kann ech net egal wéi mäi Wee goen. Et heescht nom Evangelium liewen, aus fräie Stécker. Natierlech, dat ass net ëmmer einfach. Wéi oft erliewe mer et, datt mer zwar virbereet a mat gudde Virsätz an d’Mass ginn, awer soubal mer erëm doheem sinn …, da mierke mer, wéi fragil mer dach awer sinn.

Et ass net einfach, sech anzegestoen, datt ee Feeler huet, datt engem net alles geléngt, datt net alles riicht leeft. An dann ass et natierlech méi einfach, op déi aner Mënschen an hir Feeler ze kucken an ze weisen. Domat verpasse mer awer eng grouss Chance, net nëmmen zu äis selwer ze fannen an eise Wee ëmmer méi op Gott auszeriichten, ma och an enger gesonder Bezéiung zu eisem Nächsten ze stoen. Mer brauchen all dem Härgott seng Hëllef, seng Gebuergenheet, seng Léift. An ze mengen, datt mer awer besser sinn ewéi eis Matmënschen, neen, do beweege mer äis sécher net an der Realitéit, wéi Gott se versteet a geschafen huet.

Éierlech zu sech selwer sinn, de Vis-à-vis mat all senge Stäerkten a Schwächten unhuelen, de Wee mat Gott iwwerdenken a kucken, ob ee bereet ass, de Message vu Jesus Christus esou ze liewen, wéi hien et äis verkënnegt … et ass dach genee dat, ëm wat et och an der kommender Faaschtenzäit geet! Eng enorm wichteg Zäit fir ëmmer méi zu engem authentesche Chrëscht ze ginn …

Den Ausgangspunkt vun allem fanne mer an den éischten Zeile vun dësem Sonndesevangelium. Wa mer eng sérieux Bezéiung mat Gott wëlle féieren a wa mer eiser Missioun, d’Evangelium ze verkënnegen, gerecht wëlle ginn, ma dann ass et wichteg, datt mer äis och mat der Hl. Schrëft ausernaner setzen. Net iergendwann emol, mä all Dag! All Dag e puer Zeile liesen, se duerchbieden, meditéieren, kucken, wat Gott äis mat op de Wee gëtt. Just wann ech selwer mech mat dem Wuert vu Gott beschäftege, jo, just da kann ech och dovu schwätzen an anere Mënschen eng Hëllef sinn.

A grad an dëser Zäit, wou esou vill changéiert, villes muss opgebaut ginn, do muss d’Bibel d’Basis vun eisem Wierke, vun eisem Liewe sinn. Authentesch, lieweg Chrëschte si mer just, wann dem Härgott säi Wuert wierklech 
Wuerzelen an eisem Alldag ka schloen a wa mer voller Freed dovu schwätzen (esouguer dann, wann dat net jidderengem gefällt) an et och wierklech liewen.

Net ëmmer einfach … awer et lount sech!

romain.richer@cathol.lu

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu