lb fr pt en
Jahr A (2022-2023)  

Advent - Zeeche sichen a fannen

Gedanke fir den Advent vum Monique Hermes

 

Advent - Zeeche sichen a fannen
 
Glanz, Glitzer a Glamour
stinn als Markenzeeche grouss an der Fënster.
Et kënnt vir, datt mer drop erafalen,
well déi Zeechen, déi mir ginn,
si kleng an onscheinbar dergéint.
 
Dem Härgott seng Zeeche stinn a kenger Fënster.
Si sinn ewéi e Stär, deen um Himmel liicht.
Déi wéinegst beuechten en,
well se zevill presséiert sinn,
an net esou héich erop kucken.
 
Dem Härgott seng Zeechen iwwerwältegen net,
si zwénge keen, awer si sinn do:
Diskret Hiweiser, kleng Liichter,
bescheiden Offere fir déi, déi net opginn
a weider sichen.
 
Wie schonn alles huet,
wie mengt, e géif alles wëssen,
wien iwwerall den Duerchbléck wëllt,
dee gesäit dës bescheiden Zeechen net,
well se him net méi opfalen.
 
Advent:
Konkret Zeeche vum Härgott
an eiser hektescher Zäit.
Roueg ginn, zu sech fannen,
d’Häerz opmaachen,
fir déi Zeechen ze erkennen…
 
Monique Hermes
Maria am Verkënnegungsrelief vun der Sr. Christophora Janssen an der Parkierch zu Gréiwemaacher.
(Foto: Monique Hermes)
Monique HERMES
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu