lb fr pt en
Jahr C (2021-2022)  
17. März 2022

Mäin Numm - oder: ech sinn deen, deen ech wäert sinn

Kommentar zum 3. Faaschtesonndeg vum Martine Regenwetter (20.3.2022)

Als Seelsorgerin am Spidol begleeden ech net nëmme Mënschen, déi méi laang hospitaliséiert sinn an zu deenen sech mat der Zäit eng Relatioun opbaut. Ech ginn och ganz kuerzfristeg bei mir onbekannte Mënsche geruff, déi um Liewensenn sinn. Meeschtens si si bewosstlos a kennen sech net méi matdeelen. Mee et ergräift mech all Kéier, wéi mäi Wouerhuele vun der Persoun ännert, soubal ech hiren Numm weess. Duerch deen Numm deen hiren ass an deen ech matgedeelt kréien, ass et net méi en bewosstlose Kierper dee mir géintiwwer am Spidolsbett läit, mee e Mënsch mat senger ganzer eenzegaarteger Liewensgeschicht.

Den Numm spillt och eng zentral Roll am Text aus dem Buch Exodus vun dësem 3. Faaschtesonnden.

D‘läscht Woch hate mir aus dem Buch Genesis héieren, wéi Gott e Bond mam Abram schléisst. Scho Kapitele virdru war dëse mat senger ganzer Sippschaft fortgezunn an en anert Land, op d‘Wuert vun engem Gott hin, deem säin Numm hien net kannt huet! Spéider an der Genesis kämpft de Jakob eng ganz Nuecht mat Gott a well säin Numm wëssen. E gëtt geseent, mee den Numm gëtt en net gewuer.

D‘Genesis erzielt vill individuell Erliefnisser vu Mënsche mat Gott. Dat ännert am Buch Exodus, wou des Erfarung kollektiv gëtt, andeems Gott d‘Vollek Israel duerch de Mose aus Ägypten erausféiert. Fir déi vill eenzel Erfarungen ze federéieren, ass et néideg, datt deen, vun deem een sech féiere léisst, en Numm huet, well och wann gemeinsam Elementer d‘Handschreft vu Gott erkennbar maachen, sou sinn des Erfarungen dach esou verschidde wéi mir Mënschen all verschidde sinn, well Gott sech ganz op all Eenzelen aléisst.

Deen laang erwaartenen Numm ass dann: Ech sinn – oder, ech sinn deen, deen ech wäert sinn.

Oft si mir esou beschäftegt mat maachen an dinn, datt mir ganz vergiessen einfach just ze sinn. Sinn ass d‘Wiese vu Gott. Och de Mose gëtt vu Gott erreecht, net an engem extraordinäre Setting, mee a sengem banalen Alldag. Hien ass opmierksam, hie mierkt datt mat deem Feier, dat mol net direkt op sengem Wee ass, eppes net normal ofleeft. Hien ass opmierksam op déi Stemm déi de Kontakt mat him sicht an hien uschwätzt. Wier hien a Gedanke laanscht déi Heck gelaf, wier des Gotteserfarung net méiglech gewiescht.

D‘Essenz vu Gott ass net wat Hie mécht, mee datt Hien do ass. Dat ass fir mech deen allerwichtegste Glawenssaz. Mir sinn eis net ëmmer bewosst, wat dat tatsächlech am Alldag heescht, oft geet dëst Bewosstsinn am Äifer vum Gefecht vum alldeegleche Gerenns ënner. An dach geet dëst Dosinn duer, fir eis ganz Realitéit ze veränneren, wann net ëmmer vu baussen, dann op d‘manst vu bannen. An des Ännerung geet duer, fir datt mir eist Liewe komplett anescht erliewen, nämlech net als Sklave vun der Angscht, mee als Kanner Gottes, déi och wann se stierwen net méi wäit wéi a Gottes Hand kenne falen. Well Hien ass haut schonn deen, deen Hien an Zukunft eréischt gëtt. Dat heescht fir mech, Hien ass deen, deen iwwert d‘Zäiten ewech trei ass, sech an eis. Hien ass deen, dee just ee Wuert huet an deen et hält.

Martine Regenwetter

Martine REGENWETTER
martine.regenwetter@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu