lb | fr | pt | en |
D’Mass um 13. Sonndeg am Joreskrees gouf vun der Foire agricole vun Ettelbréck iwwerdroen
Den 2. Juli gouf d’Sonndesmass vun der Foire agricole zu Ettelbréck iwwerdroen. Et huet d’Chorale ’VoiceEmotion’ gesong, Dirigentin war d’Madeline Boonen a Pianist de Marc Bauler. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale ’VoiceEmotion’
D’Chorale “VoicEmotion” feiert d’nächst Joer 15 Joer, et ass also eng jonk Chorale, déi den Ament 36 Memberen huet. Dirigentin ass d’Madeline Boonen an de Pianist fir d’Tëleesmass ass de Marc Bauler. VoicEmotion hat den éischten Optrëtt um Landjugenddag 2009 zu Ell. Dofir ass d’Tëleesmass op der Foire agricole bëssen e “Back to the roots” fir VoicEmotion. D’Chorale, déi am Schweecherdaul prouft, huet e ganz villsäitege Repertoire an ass ëmmer nees op fir Neies. All zwee Joer ass de grousse VoicEmotion-Fréijorsconcert an der Gemeng Biekerech (den nächsten ass iwwregens de 4. Mee 2024), VoicEmotion ass och vill gefrot fir Hochzäiten an aner Concerten.
De musikalesche Programm vun der Mass
Piano: Entrée | WC1 Präludium 16 | Johann Sebastian Bach |
---|---|---|
Agangslidd | 10000 reasons (Bless the Lord) | Jonas Myrin / Matt Redman |
Kyrie | Kyrie | Mr. Mister |
Gloria | Glory to God Almighty | Tore W. Aas / Calvin Bridges |
Alleluja | Dieu est une fête aujourd’hui | Eric Jaffrain |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Fix You | Coldplay |
Sanctus | Holy is the Lord | Chris Tomlin / Louie Giglio |
Anamnes | L’Amour a vécu parmi nous | Philippe Goeseels |
Agnus Dei | Heaven is a Wonderful Place | Traditional |
Kommiounslidd | So soll es bleiben | Annette Humpe |
Schlusslidd | Oh Happy Day | Traditional |
Piano: Sortie | WC Präludium 24 BWV 893 | Johann Sebastian Bach |