lb fr pt en
Joeren ABC  
25. November 2015

Allerhellgen ABC

Mt 5,1-12a

Kontext

Mat dem Evangelium vun Allerhellgen sti mer am Mt matsen an der Biergpriedegt (Mt 5, 1-7, 28) – och wa ‘Léier um Bierg’ vläicht méi genee wier (cf. 5, 1f; 7, 28f).

An der Biergpridegt kréie mer d’Gebrauchsanweisung fir dee Fridden (de “Shalom”, wat méi ass, wéi kee Sträit, mee eng Harmonie tëscht Gott, de Mënschen an der Welt), dee Chrëschtdag ugekënnegt ginn ass.

De Mt huet 5 Rieden opgebaut (Mt 5-7; 10; 13; 18; 24), wouvun d’Biergpriedegt (Mt 5-7) op engem Bierg verkënnegt gëtt, fir z’ënnersträichen, datt de Jesus, wéi séngerzäit de Moses um Bierg Sinaï (5 Bicher Mose), e Gesetz bréngt, en Neit Gesetz; de Jesus ass fir de Mt deen neie Moses.

Dëst Gesetz ass awer net ze verstoen am Sënn vum Code de la route: mer hunn hei (an och soss an den Evangelien) “Zilgeboter”, keng “Erfëllungsgeboter”; et geet ëmt eng Astellung, ëmt Haltungen, déi de Mënsch aktiv ginn dinn. Adressat vun der Biergpriedegt sinn déi Mënschen, déi décidéiert hunn, dem Jesus nozegoen.

An der Biergpriedegt steet villes vum Jesus senger “Ethik”, awer net alles. Esou feelt z. B. dat duebelt Gebot vun der Gottes- a Mënscheléift, oder d’Opfuerderung, datt keen herrsche soll.
Et ass interessant d’Biergpriedegt beim Mt parallel ze liese mat der Feldried am Lk (Lk 6, 20b-23), well dann d’Virléifte vun deenen zwee Evangelisten erausstiechen, grad wéi am Hannergrond déi konkret Situatioun vun dier jeeweileger Chrëschtegemeinschaft.
Wann een d’Biergpriedegt liest ass et wichteg “esou soll et sinn” net ze verwiessele mat “esou ass et”. E Beispill vun haut: “eng Poar soll eng Gemeinschaft sinn” an net “eng Poar ass eng Gemeinschaft”.

Den Text vun dësem 1. Adventssonndeg ass deelweis an enger “apokalyptescher” Sprooch geschriwwen (Vv. 25-28; cf. och d’Vv.10f).

Et ass ëmmer wichteg ze versichen erauszefannen, wéini a firwat en Text geschriwwe gouf:
Apokalyptesch Texter sinn a schwéieren Zäite verfaast ginn. Am Alen/1. Testament hu mer z. B. d’Buch Daniel, dat zur Zäit vun der Okkupatioun duerch de Seleukidekinnék Antiochus Epiphane (2. Joerhonnert v. Chr.) geschriwwen ass ginn. Oder am Neien Testament als lescht Buch d’Apokalyps vum Johannes, déi wahrscheinlech a Verfolgungszäiten duerch de réimesche Keeser Domitian (ëmt 96) verfaasst gouf. – Lk 21 (mat, en gros Paralleltexter a Mt 24 a Mk 13) kéint déi schwiereg Zäit vum Keeser Nero mat den Onrouen, déi no sengem Doud lassgebrach sinn (68/69), als Hannergrond hunn.

Dës Texter schwätzen a Biller a Symboler (z. B. Kricher hot an har - cf. och d’Prophéiten, z. B. Jes 19 -, chaotesch Zoustänn um Himmel an op der Äerd, rätselhaft Wiesen, déi matspillen); si sinn dowéinst schwéier ze verstoen an dat sollt och esou sinn, fir datt d’Géigner, d’Feinden näischt matkréie konnten.

Virun allem versichen apokalyptesch Texter Courage an Hoffnung ze maachen (NET Angscht!); hire Message ass, datt et Gott ass, deen d’Geschicht vun der Welt féiert, och wann dat dee Moment net den Uschäin huet. An déi, déi um Herrgott senger Säit stinn, ginn net ënner. Hien ass um Punkt fir definitiv anzegräifen (cf. V.28). Fir et apokalyptesch ze soen, et muss ee kënnen d’ “Zeeche vun der Zäit” liesen a verstoen.

Text

Wéi de Jesus déi vill Leit gesinn huet,... (Vv. 1-2)
Wuertwiertlech: ‘Wéi de Jesus déi vill Leit gesinn huet, ass hien de Bierg eropgaang’. – Dat Bild, dat mer hei gezeechent kréien, ass de Moses, deen op “de” Bierg eropgeet fir d’Gesetz fir d’Vollek Israel gesot ze kréien. An de Vv. 1c-2 ass de Jesus de Léiermeeschter, deen de Leit, déi interesséiert sinn et ze héieren säi Program duerleet. (V. 2 wuertwiertlech: ‘dunn huet hien säi Mond opgemaach an si geléiert’ = dunn huet hien ugefaang si ze léieren.) – Wann de Jesus seng Jünger um Schluss vum Evangelium erausschéckt dem Herrgott säi Räich verkënnegen, da kruten si hei scho gesot, wat dat Räich charakteriséiert, dat do ufänkt ze wuessen (cf. och Mt 13; 18, 12ff).

"Glécklech déi, déi net vun sech ageholl sinn,... (V. 3)
An all dëse “glécklech déi”-Aussoe gi Leit opgezielt, déi mär eigentlech spontan als net-glécklech géife bezeechnen. Mer hunn hei d’Géigegewiicht zu Mt 23. – A kenger vun de ‘Glécklech déi’ –Aussoe gëtt ausdrécklech gesot wien déi Mënschen da glécklech, sat mécht, tréischt,...: mer hunn et hei mat dem ‘passif divin’ ze dinn, deen ausdréckt, datt et Gott ass, deen handelt (ouni datt Gott ernimmt gëtt). - ‘Glécklech déi’-Aussoe fanne mer och anerwäerts an der Bibel; si gi gebraucht fir engem souzesoen ze félicitéieren, datt een eng bestëmmte Gow krut (cf. z. B. Mt 13, 16; 16, 17), heiandsdo bezéien se sech op e Grupp vu Leit (cf. z B. Mt 11, 6; lk 11, 28). – De Mt huet hei zwou verschidde Zorte vu ‘glécklech déi’- Aussoe regruppéiert: d’Vv. 3-9, wou et ëmt ‘aarm-sinn’ a mënschlech Haltunge geet, an d’Vv. 10-12, wou et ëmt Situatioune vu Verfollgung geet. – Hei am V. 3 sinn déi Leit glécklech (dee ganze V. 3 ass am Présent geschriwwen), déi sech op Gott verloossen (cf. Ps 34, 19; 40, 18) an dofir op si fir säi Räich (Himmelräich = d’Ëmschreiwung fir ‘dem Herrgott säi Räich’) unzehuelen.

Glécklech déi, déi traureg sinn,... (V. 4)
(Wuertwiertlech: ‘déi am Trauer sinn’ – mer sinn Allerhellgen). – D’Getréischt-ginn (= Gott tréischt, passif divin) ass eréischt fir d’Zukunft.

Glécklech déi, déi duuss sinn,... (V. 4)
Och hei hu mer d’Spannung tëscht der Realitéit elo an deem, wat hinne versprach ass. – Et gëtt ugeholl ‘d’Land ierwen’ (oder ‘ d’Äerd ierwen’) wier en aneren Ausdrock fir ‘d’Himmelräich’. – ‘Déi duuss sinn’ = an der rhabbinescher Litteratur déi, déi sech net wieren an d’Widdregkeete vum Liewen huelen, wéi se kommen, well si op Gott vertrauen.

Glécklech déi, déi Honger an Duuscht hunn no Gerechtegkeet,... (V. 6)
Am V. 10 fanne mer d’’Gerechtegkeet’ erëm; et ass awer net sécher, wat fir eng Gerechtegkeet hei geméngt ass: dem Herrgott seng? déi um Enn vun der Zäit?, eng mënschlech Gerechtegkeet?, den Duuscht no engem Liewen nom Herrgott sengem Wëllen? – An all dëse Säz fanne mer och de Jesus an der Roll vum Prophéit: et gesäit een elo nach net vill dervun, mee d’Saachen, d’Verhältnisser fänken elo un, jo, hu schonn ugefaangen z’änneren, well Gott huet (am Jesus senger Persoun) ugefaangen anzegräifen an doduerch säi Räich ugefaangen ze ginn.

Glécklech déi, déi baarmhäerzeg sinn,... (V. 7)
Baarmhäerzeg ≠ einfach Matleed hunn, mee, wuertwiertlech ‘sech bis an d’Träipe beréiere loossen’, an am Verständnis vun deemools, och aktiv ginn.

Glécklech déi, déi e réngt Häerz hunn,... (V. 8)
D’Häerz ass an der Bibel den Zentrum vun dem Mënsch, do wou hien iwwerleed an Entscheedungen hëlt. Et geet net drëms perfekt ze sinn, mee gerued; gerued an den Décisiounen, Iwwerleeungen, Gefiller, asw. – Vläicht erginn d’Vv. 6.7.8. zesummen, dat, wat een ënnert ‘Näächsteléift’ kann zesummefaassen. – ‘Well si kréien den Herrgott ze gesinn’ = d’Ideal fir e fromme Judd, d.h. eng perséinlech Relatioun, quasi vun du op du mat Gott ze hunn a viru Gott stoen ze dierfen.

Glécklech déi, déi Fridde schafen,... (V. 9)
Eigentlech kënnt ënnert dem Stréch alles dat, wat zougesprach gëtt, eegal op fir elo oder fir an der Zukunft, drop eraus fir Deel ze hunn um Herrgott sengem Räich = fir op dier ‘gudder’ Säit ze stoeen, wa Gott definitiv agräift (an dat huet jo scho ‘Chrëschtdag’ ugefaangen ze geschéien).

Glécklech déi, déi wéinst der Gerechtegkeet verfollegt ginn... (Vv. 10-12)
D’Vv. 10-12a sinn am Présent. De V. 10 ass allgeméng gehalen, d’Vv. 11-12a bezéien sech direkt op d’Jünger, well wat de Chrëscht ausmécht, ass, nierwt allem, wat hei beschriwwe ginn ass, d’Décisioun fir d’Persoun vum Jesus. – Aus dëse Vv. liese mer och de ‘Sitz im Leben’, d.h. déi konkret Liewessituatioun vun dem Mt senger Chrëschtegemeinschaft eraus. – Äre Loun ass grouss am Himmel = ass grouss bei Gott.

Françoise BIVER
fraenz.biver@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu