lb fr pt en
Joeren ABC  
22. März 2016

Evangelium vun der Chrisamsmass ABC

Lk 4, 16-21

Kontext

D’Evangelium vun der Chrisamsmass erzielt vun dem eigentlechen Ufank vum Jesus senger Missioun (a Lk 4, 14 - 9, 50 ass de Jesus nëmmen a Galiläa ënnerwee, duerno geet et erop op Jerusalem) : a Lk 4, 16-30 fanne mer scho sämtlech Elementer aus dem Rescht vum Evangelium erëm : dem Jesus säi Message ass op d’Schrëft (eist Aalt Testament) gegrënnt, den hellege Geescht spillt eng Roll, d’Net-Judde fillen sech ugesprach, während d’Leit vum eegene Vollek retizent sinn a versichen de Jesus emzebréngen. - D’Jünger, déi vum Lk gären ewéi Léierbouwen duergestallt ginn, kréien dann a Galiläa eng éischt Approche zum Jesus gewisen.

Text

... op Nazareth gaang, ... (V. 16) : Richteg « Nazara », eng rare Schreiwweis fir « Nazareth » (cf. Mt 4, 13).

Esou wéi et um Sabbat seng Gewunnegt war, ass hien an d’Synagog gaang, an do ass hien opgestan, fir virzeliesen.(V. 16) : A Palestina an an de juddesche Communautéiten (d.h. do, wou op t’mannst zéng « erwuësse » juddesch Männer sinn, = déi hir Bar mitçwah gemeet hunn, also méi wéi 13 Joer hunn) an der Diaspora war an ass et Brauch um Sabbat (d.h. samschdës) an d’Synagog ze goen an aus de Schrëfte virzeliesen an evtl. eng Erklärung/Aktualisatioun nozelauschteren, déi am Prinzip jiddfereen, deen seng Bar Miçwah gemeet huet, maache kann. - An der Apg (z. B. 9, 20 ; 13, 5.14.44.) fänken déi urchrëschtlech Missionnairen hir Verkënnegung och gären an de Synagogen un.

Hie krut d’Buch vum Prophéit Isaias gereecht ... (V. 17)
: Wéi fir de Johannes den Deefer (cf. Lk 3, 4-6) gëtt dem Jesus seng Missioun vum Isaias hir beliicht.

... an déi Plaz fonnt, ... (V. 17) : Datt de Jesus grad déi Plaz fonnt huet, war dat Zoufall ? - De Lk schéngt anerer Meenung ze sinn.

Dem Här säi Geescht ass op mir, well ... (Vv. 18-19) : Is 61, 1f LXX (= aus der Septuaginta, der griichescher Iwwersetzung vun den atl Schrëften) an Is 58, 6 leeën dem Jesus säi Liewesprogramm duer. - Ursprünglech gëtt am Is wahrscheinlech d’Asetze vun engem Prophéit beschriwwen. - Dem Herrgott säi Geescht ass et, deen de Jesus undreiwt. - Dat, wat de Jesus virliest beschreiwt seng Missioun duerch d’Lk erduerch.

... an e Gnodejoer vum Här auszeruffen (V. 19) : Dat « Gnodejoer » (wuertwiertlech : en agreabelt Joer vum Här) ass d’Jobeljoer aus Lev 25, 8ff, dat all 50. Joer sollt sinn. Da sollten um Yom Kippur d’Scholden nogelooss ginn an all juddesch Sklaven an hiirt Land zréckkomme kënnen, eng schéin Aussicht fir déi Exiléiert fir déi den Isaias geschriwwen huet. Mat der Zäit huet dëst Gnodejoer eng endzäitlech Konnotatioun am Juddentum kritt. (– Fir eist Joer 2000 gouf déi Iddi erëm opgegraff a gefuerdert deenen aarme Länner hir Bankescholden nozeloossen.) - De Schluss vum Is léisst de Lk de Jesus net liesen, nämlech « den Dag, wou eise Gott seng Revenge hëlt », e Saz, deen sech aus dem Is sengem Sitz im Leben eraus versteet!

V. 20 : Normalerweis misst de Jesus stoebleiwen. Et ass schwiireg ze soe firwat de Lk schreiwt, datt hien sech erëm sëtze gaangen ass. - Op jiddfer Fall waarden d’Leit, datt hien elo e puer Wuert seet (wat heiandsdo, awer net ëmmer no der Liesung aus der Schrëft gemeet ginn ass). An si ware gespaant : hien ass jo an sengem Heemeechtsduerf, dat hie gesinn huet grouss ginn.

... Haut ass dëst Wuert aus der Schrëft ... (V. 21) : Beim Lk ass « haut » e wichtegt Wuert (cf. 2, 11 ; 3, 22 ; 5, 26 ; 13, 32 ; ...). - D’Schrëft ass bei iech zou (wuertwiertlech : an ären Oueren) an Erfëllung gaang, d.h. hei ass erëm e passif divin : Gott ass um Wierk. - Dës ganz Episod ass wéi mat Gott agerummt : am V. 14 kënnt de Jesus « an der Kraaft vum Geescht » an säin Duerf, an dat, wat hien da virliest, de Programm vu senger Missioun « gëtt (dee Moment/passif divin) erfëllt », well Gott um Wierken ass.

Françoise BIVER
fraenz.biver@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu