lb fr pt en
Jahr A (2022-2023)  
9. März 2023

Waasser wat (er-)zielt

Kommentar zum 3. Fastensonntag von Gérard Kieffer (12.3.2023)

Et war eng Kéier e Kinnek, dee war krank a keen huet gegleeft, dass hien iwwerliewe géif. Hien hat dräi Jongen, déi doriwwer ganz traureg waren an sech am Gaart getraff hunn, fir ze kräischen. Hei hunn si en ale Mann begéint, dee si gefrot huet, firwat si traureg sinn. Si hunn him gesot, dass et kee Mëttel méi géif ginn, fir hire Pap erëm gesond ze maachen.

Dunn huet den ale Mann gesot: „Ech weess e Mëttel, dat ass d’Waasser vum Liewen, wann hien heivun drénkt, gëtt hien erëm gesond, mee et ass schwéier ze fannen.“

Mat dëse Wierder fänkt d’Märche „Waasser vum Liewen“ vun de Bridder Grimm un. Am Märche fannen déi dräi Jongen no villem hin an hier dat Waasser, an de Papp gëtt erëm gesond.

D’Waasser vum Liewen: Joerdausenden scho verlaangeren d’Mënschen dono. Ni méi auserdiischtert ze sinn nom Liewen, ni méi Krankheet a Leed, mee Erfëllung a Liewenskraaft… e grousse Menschheetsdram!

Schonn an der Bibel, net eréischt am uewe genannte Märchen, fanne mir hien: an dëser besonnescher Begéinung tëscht dem Jesus an der Fra aus Samaria an der brennender Hëtzt vun der Mëttessonn. D’Evangelium vum Johannes gëtt e wéineg wéi e Märchen erzielt. Och dës Zeen beim Buer erzielt vu Verlaangeren no engem gelongene Liewen, weess vum Duuscht no Liewen, deen sech trotz alle Versich net läsche léisst, weess vu komplizéierte Bezéiungen an dem grousse Wonsch no richtegem Gléck an engem erfëllte Liewen.

Awer de Wee dohin ass schwéier ze fannen, seet deen ale Mann am Märchen - an och d’Fra beim Buer versteet fir d’éischt net, wouvun de Jesus schwätzt. Si gesäit dat zimmlech ofgekläert: Si gesäit e Buer an en onbekannte Mann, deen näischt bei sech huet, fir Waasser aus dem Buer ze schäffen an och nach fir d’Fra onverständlech Wierder seet. Natierlech wéilt si dat Wonnerwaasser hunn. Si kéint sech de laange Wee aus der Stad bei de Buer spueren. Waasser siche goe war eng haart Fraenaarbecht. Also: „Gëff mir sou e Waasser!“

Wéi am Märche geet et am Text vum Evangelium och net vun elo op direkt. Den ale Mann hätt den dräi Jongen eng Fläschelche vum Waasser vum Liewen an d’Hand drécke kënnen. Si hätten se geholl a wären direkt bei de Papp gaangen an hien erëm gesond gemaach.

Awer nee! Esou erzielt ee kee Märchen! Do muss een an der Reegel e puer Kéieren huelen, et geet Bierg op a Bierg of an et komme verzwackten Aufgaben, déi geléist musse ginn. Och de Jesus hëlt d’Fra mat op e Wee, wou et am Ufank lauter Mëssverständnesser ginn, bis dass si erkennt, ëm wat et dem Jesus iwwerhaapt geet. Nee, hie kann hir net dat wonnerbaart „Waasser vum Liewen“ ginn. Hien schwätzt vun eppes ganz aners, vun enger Erfëllung, déi all eist Verlaangere befriddegt: Wie vun dem Waasser drénkt, wat ech him ginn, dee wäert ni méi duuschtereg sinn.

Ëm de Jesus, d’Quell vum Liewen, geet et also - an ëm eis, wéi mir dozou stinn. De Jesus mécht sech der friemer Fra ganz op: e weist sech als de Messias, als deen, deen Äntwerten op eis Suergen an eist Verlaangere huet, als deen, dee seet: „Kommt all hier bei mech, déi dir iech kristillegt a schwéier Laaschten ze droen hutt; bei mir kënnt dir raschten“ (Mt 11,28).

D’Fra aus Samarien wäert och an Zukunft bei de Buer musse goen, fir Waasser ze schäffen. Mee wéi si erkennt, wat de Jesus wierklech seet, ännert sech alles fir si. An der Begéinung mam Jesus ass se vill iwwert sech gewuer ginn, iwwer hir Sich no Léift, no Gléck an Erfëllung. Si ass endlech bei sech selwer ukomm; an si wäert vun elo un anescht liewen: méi kloer, méi selbstbewosst, méi fräi.

Gérard KIEFFER
gerard.kieffer@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu