lb | fr | pt | en |
Christus Kinnek C
Lk 23,35-43
35 Déi Iewescht vum Vollek hunn de Jesus ausgelaacht a soten: “Anerer huet hie gerett, da soll hien elo sech selwer retten, wann hien de Messias ass, dee vum Herrgott auserwielt gouf!”
36 D’Zaldoten, déi komm sinn, fir him Esseg ze bréngen, hu gradesou de Spott mat him gemaach
37 a gesot: “Wann s du de Kinnek vun de Judde bass, da rett dech selwer!”
38 Iwwer him houng e Schëld: Dat hei ass de Kinnek vun de Judden.
39 Ee vun de Verbriecher, déi mat him gekräizegt gi waren, huet hie gelästert a gesot: “Bass du dann net de Messias? Da rett dech selwer an och äis!”
40 Deen aneren awer huet dësem Virwërf gemaach a geäntwert: "Net emol elo fäerts du den Herrgott, wou dech dach datselwecht Uerteel getraff huet?
41 A mat Recht, wat äis ugeet, well dat, wat mir kréien, entsprécht deem, wat mir gemaach hunn. Deen do awer huet näischt gemaach, wat een net soll.”
42 An hie sot: "Jesus, denk u mech, wann s du an däi Räich kënns!”
43 Du sot de Jesus zu him: “Amen, ech soen dir: Haut nach bass du mat mir am Paradäis.”