lb fr pt en de
Wegweiser Jahr B (2017-2018)  
20. Januar 2018

Kommt mir no!

Wegweiser vum 3. Sonndeg am Joreskrees (21.01.2018)

Um 3. Sonndeg am Joreskrees vum Liesjoer B héiere mir, wéi sou dacks an dësem Kierchejoer, een Deel aus dem Evangelium vum Markus. D’Markus-Evangelium ass dat eelsten Zeechnës vun den Iwwerliwwerungschrëften iwwer de Jesus.

Eng ganz bekannten Erzielung zur Ëmkéier, Nofolleg gëtt dëse Weekend an der Liturgie virgedroen. De Jesus dee seng Jünger a Galiläa rifft fir him nozegoen a bäi him ze bleiwen. D’Fëscher Simon an Andreas kréie vum Jesus gesot: „Kommt mir no! Ech maachen aus iech Mënschefëscher“, zecken net laang, loossen hir Fëschernetzer leien a gi mam Jesus mat. Si ginn ee Stéck virun an de Jesus erblécks de Jakobus an de Johannes – och si gi vum Jesus geruff, loossen hire Papp bäi den Doléiner zréck a si begleeden de Jesus.

D’Fëscher waren direkt bereet mat ze goen – si hunn net laang iwwerluecht oder nogeduecht. Nee, si hunn déi nei Erausfuerderung ugeholl an hu sech fir déi gutt Noriicht vu Jesus Christus opgemaach. Si gehéiere vun elo un zum enkste Krees vum Jesus, begleeden hien op ville Plazen a si fir de Jesus do.

De Jesus huet duerch säi missionarescht Wierke vill Mënsche fonnt, déi him nogelauschtert hunn an déi him gefollegt sinn. Zwielef Apostelen huet hie beruff, huet si opgefuerdert fir säi Wierkt vun der Verkënnegung no sengem Doud an no senger Operstehung virun ze maachen.
Jidderee vun eis ass dozou beruff fir Zeechnës vum Glawen ze ginn an déi gutt Noriicht vu Jesus Christus am Häerz ze droen, virun ze zielen, ze liewen an ze deelen.

An de Katechesen ass et wichteg, datt Chrëschten de Kanner an de Jugendleche vu Jesus Christus erzielen a si fir eng gutt Nofolleg beweegen. Loosse mir eis all fir dee Wee opmaachen an encouragéiere mir jidderee fir dem Jesus, sou wéi éischt Apostelen, ouni Angscht nozegoen.

Quell: wort.lu

Tanja KONSBRUCK
tanja.konsbruck@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu