lb fr pt en
Sonndesmass  
25. Juni 2021

D’Mass um 13. Sonndeg am Joreskrees gouf de 27. Juni vun Habscht iwwerdroen

Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf de 27. Juni aus der Kierch vun Habscht iwwerdroen. Déi chrëschtlech Gemeinschaft vun Habscht huet gesong a gouf begleet vum Organist a Virsänger Abbé Joël Santer. D’Mass gëtt als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.

D’Sonndesmass zu Habscht

Erëm eng Kéier invitéiert d’Par Äischdall-Helpert St-Willibrord zur Matfeier vun der Sonndesmass aus der Nikloskierch vun Habscht. Zesummen wëlle mer äis um Sonndegmueren eng Stonn huelen, fir äis zesummen ze bieden an ze sangen, fir dem Härgott säi Wuert ze lauschteren a fir Eucharistie ze feieren. Eis Mëttelen si bescheiden, mä et geet jo nët ëm dat Äusserlecht, mä et geet ëm eng inneg Bezéiung zu Jesus Christus.

Am Evangelium vum Sonndeg seet de Jesus zum Meedchen: „Stéi op!“ (Mk, 5,41). Och mir wëllen äis nët goë loossen, mä ëmmer erëm opstoën fir am Glaawen no vir ze goën: doheem, op der Aarbecht an an der Schoul, an der Fräizäit, an Spideeler, Alters- a Pflegeheemer. Mir all gi mat der Hand geholl a gefouert, well Gott sech fir äis all interesséiert. „Dieu nous accueille en sa maison, Dieu nous invite à son festin“ (sange mer am Ufankslidd).

Häerzlech Invitatioun un Iech all!

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée / Uergel Improvisatioun iwwer d’Ufankslidd
Agangslidd Dieu nous accueille en sa maison LD 103
Kyrie Kyrie LD 125
Gloria Gloria LD 148
Alleluia Halleluja LD 192
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Improvisatioun
Sanctus Saint! Saint! Saint LD 243
Agnus Dei Agneau de Dieu LD 279
Kommioun Improvisatioun
Schlusslidd Il avait du feu dans le cœur LD 535
Sortie Praeludium und Fuga in C dur BWV 557 Johann Sebastian Bach

Et séngt déi chrëschtlech Gemeinschaft vun Habscht
Uergel a Virsänger: Abbé Joël Santer

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu