lb fr pt en
Sonndesmass  
9. Dezember 2021

D’Mass vum 12. Dezember gouf vu Chrëstnech iwwerdroen

D’Sonndesmass vum 3. Adventssonndeg gëtt vu Chrëstnech iwwerdroen. D’Chorale vu Chrëstnech a Noumer sangen ënnert der Direktioun an op der Uergel begleet vum Marie-Josée Wirtgen. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Chrëstnech a Noumer

D’Chorale Chrëstnech a Noumer gestalten a géigesäiteger Ënnerstëtzung d’Gottesdéngschter um Weekend a bei Feierdeeg an huelen och bei Geleënheet u weltlechen Optrëtter deel. Sängerinnen a Sänger, déi Freed um Sangen an engem Grupp hunn, sinn mëttwochs um 20h an eise Prouwe wëllkomm.

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Kündet allen in der Not
Agangslidd Terre d’espérance J. Akepsimas
Kyrie Messe du Peuple de Dieu C. Hauguel
Alleluja Réjouis-toi, Jérusalem J. Berthier
Credo gebiet
Gowelidd Im Dunkel naht die Weihnacht L. Maierhofer
Sanctus Messe “Peuples de la terre” J.P. Lécot
Anamnes Deinen Tod o Herr
Agnus Dei Guardian Angel Mass M.L. Nemmers
Kommiounslidd Partita über „ Maria durch ein Dornwald ging“ R. Schächer
Schlusslidd Jubilez tous les peuples M. Wackenheim
Sortie Paraphrase sur “Tochter Zion” A. Guilmant

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu