lb fr pt en
Sonndesmass  
2. Abrëll 2021

D’Ouschtermass gouf aus der Kierch vun Téinten iwwerdroen

Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf op Ouschtersonndeg, de 4. Abrëll um 10.30 Auer aus der Kierch vun Téinten iwwerdroen. D’chrëschtlech Gemeinschaft huet mam Kantor John Weber gesong, op der Uergel huet de Jonathan Grün begleet.

D’Mass aus der Kierch Sts-Pierre-et-Paul vun Téinten

Gouf d’lescht Joer d’Ouschtermass iwwer Livestream aus eiser Parkierch vu Bruch gefeiert – ouni Vollek – sou däerfe mer dëst Joer - trotz Pandemie - d’Ouschtermass aus der Péiter- & Paulkierch vun Téinten feieren, mat Vollek am Respekt vun den hygienesche Moossnamen.

An der Ouschtersequenz heescht et: „Tod und Leben, die kämpften unbegreiflichen Zweikampf; des Lebens Fürst, der starb, herrscht nun lebend.“ A genau do läit dat grousst Geheimnis: d’Liewen huet gewonnen, net der Doud. An am operstanene Jesus gëtt dat siichtbar.

Duerfir freeë mer äis, fir dëst Ouschterfest mat iech feieren ze kënnen. Sécherlech ënnert méi enger einfacher Form wéi dat an der Vergaangenheet de Fall war, awer duerfir net manner häerzlech. A mir invitéieren iech all, fir mat äis ze bieden an ze sangen. Well d’Freed vum Liewen, déi loosse mer äis net huelen. Well si ass begrënnt am Ouschtergeschéien.

Iech all wënsche mer ee schéint Ouschterfest – an trotze mer der Pandemie mat eiser Glaawensfreed.

De musikalische Programm vun der Mass

Prélude Finale du Prélude BuxWV139 D. Buxtehude
Agangslidd Chrétiens chantons le Dieu vainqueur M: O filii et filiae / T: J. Servel
Kyrie Lux et origo
Gloria Lux et origo
No der Lesung Victimae paschali laudes
Alleluia Le Christ est vivant
Credo gëtt gebied
Gowelidd À Toi la gloire
Sanctus Lux et origo
Anamnes Christ est venu M. Wackenheim
Vater unser gëtt gebied
Agnus Dei Lux et origo
Kommioun: Uergel Heut triumphieret Gottes Sohn J.S. Bach
Schlusslidd Preis dem Todesüberwinder Schmidts Gsb
Sortie Alleluia vum Händel

Et séngt d’chrëschtlech Gemeinschaft zu Téinten
Kantor: John Weber
Uergel: Jonathan Grün

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu