| lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf aus dem Klouschter vu Peppeng iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf de 7. Januar um 9 Auer aus der Kapell vum Klouschter vu Peppeng iwwerdroen. De Chouer Cantus Gaudium vun Diddeleng huet ënnert der Leedung vum Nancy Back-Kelsen gesongen, op der Uergel huet den Daniel Lang begleet.

Chorale Cantus Gaudium
Cantus Gaudium ass den Numm vun engem Grupp vu Männer, déi sech am Januar 2015 spontan zesummefonnt hunn, fir ze sangen.
Wei den Numm et scho seet, soll de Grupp d’Freed um Sange förderen.
Déi meescht Männer, dei bal alleguer an engem gemëschte Chouer sangen, hunn et intressant fonnt, am renge Männergesank hiren Horizont z’erweideren.
Aktuell zielt de Cantus Gaudium 18 Memberen.
D’Direktioun vum Chouer huet déi ganz engagéiert Madame Nancy Back-Kelsen, déi hei zu Lëtzebuerg am Chouerwiese keng Onbekannten ass.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
| Entrée: Uergel | ||
|---|---|---|
| Agangslidd | Adeste Fideles | |
| Kyrie | Kyrie | E. Bronner |
| Gloria | Les anges dans nos campagnes | |
| Zwëschegesank | Hark! The Herald Angels Sing | Félix Mendelssohn |
| Credo | gëtt gebiet | |
| Gowelidd | Resonet in laudibus | |
| Sanctus | Tochter Zion | G.F. Händel |
| Vater unser | gëtt gebiet | |
| Agnus Dei | Aus dem Himmelssall | V. Goldschmit |
| Kommuniounslidd | Transeamus | J. Schnabel |
| Schlusslidd | Auf Christen | |
| Sortie: Uergel |
Chouer: Cantus Gaudium
Dirigentin: Nancy Back-Kelsen
Organist: Daniel Lang
- Gottesdéngschter . Célébrations
- Wallfaarten . Pèlerinages
- Sakramenter . Sacrements
- Grondgebieder . Prières de base
- Somos encorajados a rezar diariamente o Rosário pela unidade da Igreja
- Prions chaque jour le rosaire pour l’unité de l’Église
- Neues Messlektionar in deutscher Sprache für das Lesejahr C wird zum 1. Advent in der Liturgie eingeführt


YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr