| lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Belval-Metzerlach iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf de 17. Dezember um 9 Auer aus der Kierch vu Belval-Metzerlach iwwerdroen. De Cercle Vocal Belval-Metzerlach huet ënnert der Leedung vum Jean Wagner gesongen, op der Uergel huet de Claude Clement.begleet.

De Cercle Vocal Belval-Metzerlach
Ënner der Direktioun vum Jean Wagner a mam Claude Clement op der Uergel presentéiert de Cercle Vocal Iech d’Mass vum 3. Advent mat engersäits modernen, anersäits awer och méi klassesche Stécker.
De Cercle Vocal, deen den Ament 19 aktiv Sängerinnen a Sänger zielt, ass awer net nëmmen e Kierchechouer, dee fir Bieles a Metzerlach zoustänneg ass, mee trëtt och weltlech op, dat ganz oft zesumme mat der „Chorale Ste Cécile“ vu Stroossen. Duerch hire gemeinsamen Dirigent stinn déi zwou Chorallen sech no.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
| Entrée: Uergel | Voluntary 3 | Francis Linley |
|---|---|---|
| Agangslidd | O Heiland reiss die Himmel auf | Oliver Sperling |
| Kyrie | Missa brevis à 3 voix | Charles Gounod |
| Alleluja | Gloria, Gloria | John Paige |
| Credo | gëtt gebiet | |
| Gowelidd | Aube nouvelle | Scouranec / Akepsimas / arr. P. Colombo |
| Sanctus | Missa brevis à 3 voix | Charles Gounod |
| Anamnèse | Christ est venu | Geissler / Wackenheim |
| Vater unser | gëtt gebiet | |
| Agnus Dei | Missa brevis à 3 voix | Charles Gounod |
| Kommuniounslidd | Brich an du schönes Morgenlicht | Max von Schenkendorf / Joseph Haydn |
| Schlusslidd | Jubilate Deo | Criste Cary Miller / arr. Arthur Stammet |
| Sortie: Uergel | Toccata aus der Suite Gothique | Léon Boëllmann |
Chouer: Cercle Vocal Belval-Metzerlach
Dirigent: Jean Wagner
Organist: Claude Clement
- Sakramenter . Sacrements
- Grondgebieder . Prières de base
- Wallfaarten . Pèlerinages
- Gottesdéngschter . Célébrations
- Prions chaque jour le rosaire pour l’unité de l’Église
- Neues Messlektionar in deutscher Sprache für das Lesejahr C wird zum 1. Advent in der Liturgie eingeführt
- Somos encorajados a rezar diariamente o Rosário pela unidade da Igreja


YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr