| lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Bruch iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
Och dëst Joer erëm wollten d’Éischtkommiounskanner aus dem Parverband Helpert hier Freed am Glaawen mat deene villen Nolauschterinnen a Nolauschterer deelen, mat der Radiosmass, déi de Sonndeg, 12. Mäerz, aus der Parkierch vu Brouch bei Miersch iwwerdroë gouf.
Ënnert der Leedung vun der Éischtkommiounsvirbereedungsequipe aus dem Parverband, op der Westenfelderuergel begleed vun hierem Paschtouer Joël Santer, hu si, mat hierem Gesang, d’Häerzer vun de Gleewegen erfreet. Während dem Kommiounsunterrecht gouf a gët vill gesongen, a firwaat nët de Gesang mat aaneren deelen? Et ass hinnen een Uleies, dass d’Freed um Glaawen an d’Freed um Kierchsinn weidervermëttelt muss ginn. Mat dëser Radiosmass wollte si weisen, dass och haut nach jonk Mënschen de Glaawen erliewen a feieren.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
| Agangslidd | Der Gottesdienst soll fröhlich sein | Martin Gotthard Schneider |
|---|---|---|
| Kyrie | Kyrie eleison | Stephanie Dormann |
| Credo | gëtt gebiet | |
| Gowelidd | Danken und Teilen | Siegfried Fietz |
| Sanctus | Heilig, ja heilig ist der Herr | W. Becker |
| Anamnèse | Jesus Christus auferstanden | Siegfried Fietz |
| Vater unser | gëtt gebiet | |
| Agnus Dei | Donne la paix | Jean-Noël Klinguer |
| Kommiounslidd | Asante sana Yesu | aus Tansania, deutscher Text: Christian Hählke |
| Schlusslidd | Jesus Christ, you are my life | Marco Frisina |
Chouer: D’Kommiounskanner aus dem Parverband Helpert
Dirigent an Organist: Abbé Joël Santer
- Gottesdéngschter . Célébrations
- Sakramenter . Sacrements
- Wallfaarten . Pèlerinages
- Grondgebieder . Prières de base
- Neues Messlektionar in deutscher Sprache für das Lesejahr C wird zum 1. Advent in der Liturgie eingeführt
- Somos encorajados a rezar diariamente o Rosário pela unidade da Igreja
- Prions chaque jour le rosaire pour l’unité de l’Église


YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr