lb fr pt en
Sonndesmass  
11. Mee 2018

D’Sonndesmass gouf vu Käl iwwerdroen

De Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf e Sonndeg, den 13. Mee, um 9 Auer aus der Kierch vu Käl iwwerdroen. D’Choralë St Pie X Kayl, Ste Cécile Rëmeleng a Ste Cécile Téiteng hunn ënnert der Leedung vum Jean-Claude Thilges gesongen, op der Uergel hunn d’Valérie Knabe an den Daniel Lang begleet. Solistin war d’Simone Martiny (Sopran).

D’Choralë vu Kayl, Téiteng a Rëmeleng sangen d’Radiosmass

Dës Radiosmass gëtt vun den dräi Chéier aus der Par Käldall Notre-Dame des Mineurs gestalt. Et sinn dëst d’Chorale St Pie X Kayl, d’Chorale Ste Cécile Téiteng an d’Chorale Ste Cécile Rëmeleng. Si fanne sech ëmmer nees zesummen, fir di gemeinsam Gottesdéngschter musikalesch ze begleeden.

Um Programm stinn haut ënnert anerem de Kyrie an den Agnus Dei aus der “Messe en mi mineur” vum Daniel Feis, dee wärend laange Joren Organist zu Kayl war.

Solistin ass d’Simone Martiny, Sopran; Organiste sinn d’Valérie Knabe an den Daniel Lang; d’Direktioun huet de Jean-Claude Thilges.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée: Uergel Toccata J. Pachelbel
Agangslidd Exaudi, Domine, vocem meam Chant grégorien
Kyrie Messe en mi mineur D. Feis
Gloria Gloire à Dieu LD 141
Alleluja Alléluia LD 204
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Ave Maria F. Lachner
Sanctus Singt Heilig LD 244
Anamnèse Geheimnës vum Glawen LD 264
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Messe en mi mineur D. Feis
Kommuniounslidd Marana Tha LD 478
Schlusslidd Praise Him With a Song J. Millican
Sortie: Uergel Toccata (extrait de la 5e symphonie) C.M. Widor

Chéier: Chorale St Pie X Kayl, Chorale Ste Cécile Rumelange, Chorale Ste Cécile Tétange
Dirigent: Jean-Claude Thilges
Organisten: Valérie Knabe, Daniel Lang
Sopranistin: Simone Martiny

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu