lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Keespelt iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, den 8. Mäerz, um 9 Auer aus der Kierch vu Keespelt iwwerdroen. D’Chorale Ste Cecile Keispelt-Meispelt huet ënnert der Leedung vum Pol Wio gesongen, op der Uergel huet de Paul Kayser begleet.
Chorale Ste Cécile Keispelt-Meispelt
D’Chorale gouf gegrënnt ëm 1875, an der Héichzäit vun der kathoulescher Kierch an eise Géigenden a setzt sech zesummen aus den zwee Dierfer Keespelt a Meespelt. An der laanger Zäit säit senger Grënnung huet eise Gesank, genee esou wéi vill aner Veräiner, eng etlech Héichten an Déiften duerchgemaach, a mat de Joren vill Membere verluer.
Hu virun enger Rei Joren nach bis zu 30 Sängerinnen a Sänger an der Chorale matgewierkt, esou ass et haut nach d’Halschent, déi all Woch an de Prouwen um Dill ass. Mee déi sinn alleguer immens motivéiert a setzen sech staark fir eise Veräin an esou och fir d’Erhale vun der Traditioun vum Kierchegesank an.
Zënter enger Rei vu Joren presentéiere mir um 1. Adventssonndeg en usprochsvolle Concert mat klassesche Lidder zum Thema Advent. De Gesank Keespelt-Meespelt setzt sech zesummen aus 10 Dammen a 4 Hären an d’Direktioun vum Chouer läit zënter 2007 an der Hand vun eisem Organist Pol Wio.
D’Uergel an der Keespelter Kierch, en Instrument Muller-Reifferscheid aus dem Joer 1905 gouf an de Joeren 1997-98 ganz opwändeg vun der Firma Westenfelder vu Lëntgen an Zesummenaarbecht mam leider vill ze fréi verstuerwenen Carlo Hommel restauréiert. Fir op sengem Doudesdag un dëse bedeitenden lëtzebuerger Organist z’erënneren, séngt de Gesank Keespelt-Meespelt d’„Missa in honorem Sancti Rocchi“ vum Carlo Hommel ënnert der Leedung vum Pol Wio. Op der Uergel spillt de Paul Kayser.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Improvisatioun | Paul Kayser |
---|---|---|
Agangslidd | Hier liegt vor Deiner Majestät | Joseph Haydn |
Kyrie | Missa in honorem Sancti Rochi | Carlo Hommel |
Zwëschegesank | 981 - 3 | |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Comme un cerf a soif d’eau vive | Psautier de Genève |
Sanctus | Missa in honorem Sancti Rochi | Carlo Hommel |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Missa in honorem Sancti Rochi | Carlo Hommel |
Kommuniounslidd | O prends mon âme | Tradition juive |
Schlusslidd | Für mich gings Du nach Golgatha | Margret Birkenfeld |
Sortie: Uergel | Praeludium in g-moll | Johannes Brahms |
Chouer: Chorale Ste Cécile Keispelt-Meispelt
Dirigent: Pol Wio
Organist: Paul Kayser