| lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Lelleg iwwerdroen
Elo am Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, de 17. Januar, um 9 Auer aus der Kierch vu Lelleg iwwerdroen. D’Choralë vu Lelleg a Manternach hunn ënnert der Leedung vum Roby Mehlen gesongen, op der Uergel begleet vum Marcel Weis.
Chorale Lellig/Manternach

Viru gutt drëssig Jar hunn déi zwou Chorale vu Lellig a Manternach decidéiert, zesummen ze sangen, ouni awer hir Eegestännegkeet opzeginn. Eng Zesummenaarbecht, déi bis elo bestens funktionéiert huet. Mir sangen d’Sonndes- an d‘Feierdagsmassen, Begriefnesser an Hochzäiten an donieft awer och weltlech Lidder. Jiddfereen dee Freed um Gesank huet, ass häerzlech wëllkomm fir matzemaachen.
Dirigent ass de Roby Mehlen, iwwerdeems de Norbert Weydert an den Ernest Santer meestens fir d’Uergelbegleedung suergen. D’Radiosmass um Fest vum hl. Antonius, Schutzpatroun vun der Lelliger Kierch, begleet de Marcel Weis, e Lelliger Jong, Titularorganist zu Maacher.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
| Entrée: Uergel | Virspill Agangslidd | |
|---|---|---|
| Agangslidd | Ein Haus voll Glorie | Joseph Mohr |
| Kyrie | Här erbarm Dech eiser | |
| Gloria | Éier dem Härgott am Himmel | |
| Alleluja | Alleluja | |
| Credo | gëtt gebiet | |
| Gowelidd | Seigneur voici le pain | |
| Sanctus | Helleg helleg helleg | |
| Anamnèse | Jesus Christus operstane | Noël Colombier/Léon Kirsch |
| Vater unser | gëtt gebiet | |
| Agnus Dei | Här Jesus Du hëlls d’Sënden | |
| Kommiounslidd | Tu es là au coeur de nos vies | |
| Schlusslidd | Antonius heilger Schutzpatron | |
| Sortie: Uergel | Dialogue | Jean Langlais |
Chouer: Chorale Lellig/Manternach
Dirigent: Roby Mehlen
Organist: Marcel Weis
- Wallfaarten . Pèlerinages
- Grondgebieder . Prières de base
- Sakramenter . Sacrements
- Gottesdéngschter . Célébrations
- Prions chaque jour le rosaire pour l’unité de l’Église
- Neues Messlektionar in deutscher Sprache für das Lesejahr C wird zum 1. Advent in der Liturgie eingeführt
- Somos encorajados a rezar diariamente o Rosário pela unidade da Igreja


YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr