| lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Lelleg iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf den 21. Januar um 9 Auer aus der Kierch vu Lelleg iwwerdroen. D’Chorale Lellig/Manternach huet ënnert der Leedung vum Robert Mehlen gesongen, op der Uergel huet de Marcel Weis begleet.

D’Chorale Lellig/Manternach
Säit dem Jar 1989 gestalten d’Chorale Sainte Cécile Lellig (gegrënnt 1902) an d’Chorale Sainte Cécile Manternach (gegrënnt 1893) déi kierchlech a weltlech Feierlechkeeten an deenen zwee Dierfer zesummen.
D’Chorale Lellig/Manternach gëtt vum Robert Mehlen dirigéiert an zielt aktuell zwanzeg aktiv Memberen. Well sie kee festen Organist huet, gëtt d’Plaz op der Uergel, ënner aneren, vum Norbert Weydert, Ernest Santer a Roland Faust iwwerholl. De Marcel Weis, Titularorganist zu Gréiwemaacher, begleet d’Radiosmass vum 21. Januar.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
| Entrée: Uergel | Improvisations | |
|---|---|---|
| Agangslidd | Ein Haus voll Glorie schauet | Magnificat 639 |
| Kyrie | Messe de la Réconciliation | M. Wackenheim |
| Gloria | Messe de la Réconciliation | M. Wackenheim |
| Alleluja | Alleluia, ta parole, Seigneur Jésus | L. Deiss |
| Credo | gëtt gebiet | |
| Gowelidd | Du gabst, o Herr, mir Sein und Leben | F. Schubert |
| Sanctus | Messe de la Réconciliation | M. Wackenheim |
| Anamnèse | Messe de la Réconciliation | M. Wackenheim |
| Vater unser | gëtt gebiet | |
| Agnus Dei | Messe de la Réconciliation | M. Wackenheim |
| Kommuniounslidd | Par ton corps | L. Guillou |
| Schlusslidd | Antoniuslidd | |
| Sortie: Uergel | Suite de Noëls | C. Balbastre |
Chouer: Chorale Lellig/Manternach
Dirigent: Robert Mehlen
Organist: Marcel Weis
- Grondgebieder . Prières de base
- Wallfaarten . Pèlerinages
- Sakramenter . Sacrements
- Gottesdéngschter . Célébrations
- Prions chaque jour le rosaire pour l’unité de l’Église
- Neues Messlektionar in deutscher Sprache für das Lesejahr C wird zum 1. Advent in der Liturgie eingeführt
- Somos encorajados a rezar diariamente o Rosário pela unidade da Igreja


YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr