lb fr pt en
Sonndesmass  
5. September 2017

D’Sonndesmass gouf vu Saeul iwwerdroen

De Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf den 10. September um 9 Auer aus der Kierch vu Saeul iwwerdroen. D’Uergel huet den Abbé Joël Santer gespillt.

Eis Kierchen a Kapellen sinn nët méi aus der reliéiser a kultureller Landschaft vun eisem Land ewechzedenken. Sou och déi schéi romanesch Kierch vu Sëll, déi am 12. Jorhonnert am réimeschen Basilika-Stil erbaut ginn ass, mam markante barocken Tuerm, deen am 18. Jorhonnert ugebaut gouf. Déi Sëller Basilika, déi an de sechzeger Joren vum 20. Jorhonnert erëm an hier Ursprungsform zréckverwandelt gouf, huet och eng léif, kleng Uergel aus der Lëntgener Manufaktur Westenfelder. Nët nëmmen de Chouergesang spillt eng wichteg Roll an eise Liturgien, mä och d’Kinnigin vun allen Instrumenter: d’Päifenuergel. Dëse Sonndeg gëtt dann och déi kleng, eemanualeg Uergel vu Sëll während der Sonndesmass hervirgehuewen, ee „Kleinod“ vu lëtzebuerger Uergelbaukonscht. Mat hiere barocker Registratur gët dës Uergel dem Sëller Basilikaraum een onvergiessleche, freedege Cachet. Konscht an Architektur verschmelze mateneen, fir de Gleewegen esou an d’Liturgie eranzeféieren. Konscht an Architektur sinn zesummen Gottesdéngscht. An dës Experienz a Freed soll mat der Radiosmass de nächste Sonndeg iech alleguerte vermëttelt ginn.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Prélude et fugue en mi mineur J.S. Bach
Kyrie gëtt gebiet
Gloria Gloria vu Lourdes LD 146
Alleluja Halleluja LD 207
Credo gëtt gebiet
Gowebereedung Offertoire sur les grands jeux François Couperin
Sanctus Saint! Saint! Saint, le Seigneur LD 243
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei
Kommunioun Variations “Onder een linde groen” Jan Pieterszoon Sweelinck
Sortie Fugue en sol mineur J.S. Bach

Organist: Abbé Joël Santer

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu