| lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Stroossen iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf de 14. Januar um 9 Auer aus der Kierch vu Stroossen iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile vu Stroossen huet ënnert der Leedung vum Jean Wagner gesongen, op der Uergel huet de Paul Maas begleet.

Chorale Sainte-Cécile Strassen
D’Chorale Sainte-Cécile ass 1929 als Männerchouer gegrënnt ginn, fir am Joer 1965 e gemëschte Chouer ze ginn. Dat Joer hat de Veräin 55 aktiv Memberen. Haut zielt de Veräin 27 aktiv Sängerinnen a Sänger.
De Chouer steet ënnert der Direktioun vum Jean Wagner a gëtt gewéinlech begleet vum Marc Schmidt op der Uergel. E Sonnden spillt den Paul Maas.
De kulturellen Impakt ass ganz bedeitend, doduerch, dass d’Chorale souwuel weltlech wéi och geeschtlech Concerten opféiert an doduerch, dass si all Sonnden eng 4-stëmmeg Mass séngt an all Joer Theater spillt, awer och doduerch, dass si ëmmer derbäi ass bei offizielle Fester a Manifestatiounen.
Bei grousse Geleeënheeten sange si zesumme mam Cercle Vocal Bieles-Metzerlach.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
| Entrée: Uergel | Prel. mi min. BWV 533 | J.S. Bach |
| Agangslidd | Brich an du schönes Morgenlicht | Joseph Haydn |
| Kyrie | Missa brevis à trois voix Nr 3 | Charles Gounod / Albert Krupp |
| Gloria | Lobet den Herren alle, die ihn ehren | J. Crüger / Paul Gerhardt |
| Alleluja | Alleluia | nach Mozart |
| Credo | gëtt gebiet | |
| Gowelidd | Jubilate Deo | Cristi Miller / arr. A. Stammet |
| Sanctus | Missa brevis à trois voix Nr 3 | Charles Gounod / Albert Krupp |
| Vater unser | Vater Unser | Christian Heinrich Rinck |
| Agnus Dei | Missa brevis à trois voix Nr 3 | Charles Gounod / Albert Krupp |
| Kommunioun | Uergel: Schmücke dich, o liebe Seele | Johannes Brahms |
| Let’s sing a song of Christmas | Lorenz Maierhofer | |
| Sortie: Uergel | Cortège final | Anonyme esp. (1557) |
Chouer: Chorale Sainte-Cécile Strassen
Dirigent: Jean Wagner
Organist: Paul Maas
- Gottesdéngschter . Célébrations
- Sakramenter . Sacrements
- Grondgebieder . Prières de base
- Wallfaarten . Pèlerinages
- Somos encorajados a rezar diariamente o Rosário pela unidade da Igreja
- Prions chaque jour le rosaire pour l’unité de l’Église
- Neues Messlektionar in deutscher Sprache für das Lesejahr C wird zum 1. Advent in der Liturgie eingeführt


YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr