| lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Viichten iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, de 16. Februar, um 9 Auer aus der Kierch vu Viichten iwwerdroen. D’Chorales réunies Colmar/Berg-Vichten hunn ënnert der Leedung vum Henri Bissen gesongen, op der Uergel huet de Mil Eischen begleet.

Chorales réunies Colmar/Berg-Vichten
Wéi déi meescht traditionell Gesangveräiner a Lëtzebuerg haten och d’Chorale Ste Cécile vu Colmer an d’Union Chorale vu Viichten ëmmer manner Sängerinnen a Sänger, déi bereet waren, reegelméisseg an d’Prouwen an an d’Massen ze kommen. Den Henri Bissen ass souwuel zu Colmer wéi och zu Viichten Dirigent a sou koum et derzou, datt ëmmer méi gemeinsam gesongen an och geprouft gouf, bis déi zwee Veräiner lues a lues zesummegewuess sinn. Einfach Weekend-Masse séngt nach jiddereen eleng an all Veräin huet och nach seng Statuten, säi Comité a seng Keess fir sech. Mä fir de Rescht gëtt elo villes gemeinsam geplangt: Prouwen, feierlech Massen, kierchlech a weltlech Concerten, Iessen an Ausflich...
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
| Entrée: Uergel | Prélude | Lothar Graap |
|---|---|---|
| Agangslidd | Aufsteh’n, aufeinander zugeh’n | Clemens Bittlinger |
| Kyrie | Guardian Angel Mass | Michael Ludwig Nemmers |
| Gloria | Gloria | Taizé |
| Zwëschegesank | Jubilate Deo | Taizé |
| Alleluja | Alleluja | LD 194 |
| Credo | gëtt gebiet | |
| Gowelidd | I’ve got a feeling | Lorenz Maierhofer |
| Sanctus | Messe “Parole et Lumière” | Jean-Pierre Kempf |
| Anamnèse | Christ est venu | Michel Wackenheim |
| Vater unser | Vater unser | Giorgio Moroder |
| Agnus Dei | Missa Popularis | Edmond Steyer |
| Kommuniounslidd | Étoile au creux de nos mains | Michel Wackenheim |
| Schlusslidd | Wie groß bist du | Melodie aus Schweden / Text: Manfred von Glehn |
| Sortie: Uergel | Festivo | Carl Sattler |
Chéier: Chorales réunies Colmar/Berg-Vichten
Dirigent: Henri Bissen
Organist: Mil Eischen
- Wallfaarten . Pèlerinages
- Sakramenter . Sacrements
- Gottesdéngschter . Célébrations
- Grondgebieder . Prières de base
- Somos encorajados a rezar diariamente o Rosário pela unidade da Igreja
- Prions chaque jour le rosaire pour l’unité de l’Église
- Neues Messlektionar in deutscher Sprache für das Lesejahr C wird zum 1. Advent in der Liturgie eingeführt


YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr