lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Wuelessen iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, de 17. November, um 9 Auer aus der Kierch vu Wuelessen iwwerdroen. D’Choralle Wuelessen, Esebich an Houschend hunn ënnert der Leedung vum Aloyse Keilen gesongen, op der Uergel huet de Robert Depta begleet.
D’Wuelesser, d’Eesber an d’Houschter Sänger sangen d’Sonndesmass
Zum Fest vun der hl. Caecilia, Schutzpatrounin vun de Sänger, ass et de Gesangveräiner vu Wuelessen, Eesbich an Houschend eng grouss Éier, d’Radiosmass aus der Kierch vu Wuelessen gesanglech mat ze gestalten. Grad esou wéi an de meeschten Dierfer a Stied, maache sech och déi Wuelesser, Eesber an Houschter Gesangveräiner suergen ëm den Nowuess. Si gi sech awer vill Méi, d’Gottesdingschter an aner kierchlech Feierlechkeete musikalesch ze gestalten.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Pastorale in F-Dur, Teil 1, BWV 590 | J.S. Bach |
---|---|---|
Agangslidd | Dieu nous accueille | Jean-Paul Lécot |
Kyrie | Här erbam dech eiser | Paul Philippy |
Gloria | Gloria | Paul Philippy |
Alleluja | Alleluja: Deng Wierder Här | Fernand Scheller |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Let us break bread together | Black Spiritual |
Sanctus | Helleg | Paul Philippy |
Vater unser | Vater unser | Wolfgang Lüderitz |
Agnus Dei | Lamm Gottes | Paul Philippy |
Kommuniounslidd | Par ton corps | Léon Guillon |
Sainte Cécile | M.J. Bingen | |
Schlusslidd | Lobe den Herren | Josef Butz |
Sortie: Uergel | Passacaglia in d-moll (Bux Wv 161) | D. Buxtehude |
Chouer: Choralle Wuelessen, Esebich an Houschend
Dirigent: Aloyse Keilen
Organist: Robert Depta