lb fr pt en
Sonndesmass  
5. Juni 2018

D’Sonndesmass gouf vun der Pafemillen iwwerdroen

De Replay op cathol.lu aus dem Klouschter Fünfbrunnen

D’Sonndesmass gouf e Sonndeg, den 10. Juni, um 9 Auer aus dem Klouschter Fünfbrunnen iwwerdroen. D’Sängerfrënn Saassel-Maulusmillen hunn zesumme mat Sänger vun Asselbuer ënnert der Leedung vum Monique Palzer-Weber gesongen, op der Uergel huet d’Nathalie Lamberty-Brachtenbach begleet.

D’Chorale mam Bëschof Manuel Neto Quintas scj vu Faro (Algarve) a sengen dräi Matbridder vu Fünfbrunnen (Foto: Alice Enders).

D’Sängerfrënn Saassel-Maulusmillen

Um Sonndeg nom Häerz-Jesu-Fest sangen d’Sängerfrënn Saassel-Maulusmillen all Joer d’Mass am Klouschter Fünfbrunnen. D’Chorale gouf 1962 vum Paschtouer Albert Lamborelle a vum Häerz-Jesu-Pater Nic Kayser gegrënnt. D’Häerz-Jesu-Veréierung ass de Sängerinnen a Sänger e grousst Uleies. De Grënner vun den Häerz-Jesu-Pateren, de P. Léon Dehon, deem säin 175. Gebuertsdag dëst Joer gefeiert gëtt, schreift: “Will der Priester Licht sein, so muss er ganz besonders in dieser jetzigen Zeit der Apostel der christlichen Sozialwissenschaft sein. Er besitzt die Quelle der christlichen Liebe, die man aus dem heiligsten Herzen Jesu schöpft. Er soll in diesen Zeiten der Spaltung und des Hasses ein neues Heilmittel bringen, eine überströmende Nächstenliebe, er soll der glühende Anbeter und der Apostel der Eucharistie und des Herzens Jesu sein.” D’Botschaft vun der Léift vum Häerz-Jesu zu jidder Mënsch ass méi wéi jee aktuell.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée: Uergel Volontary N. 1 Eugene Thayer
Agangslidd Je veux te louer Communauté de l’Emmanuel
Kyrie Meine engen Grenzen T: Eugen Eckert; M: Winfried Heinrich
Gloria Preis und Ehre Magn. 486
Zwëschegesank Alleluja wir loben den Herrn unbekannt
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Coeur de Jésus Patrick Colombo
Sanctus Heilig, Heilig Patrick Colombo
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei O du Lamm Gottes M: Gregor Molitor, Patrick Colombo
Kommuniounslidd Wo in feierlicher Stille Patrick Colombo
Schlusslidd Geh in Gottes Frieden Ruthild Wilson
Sortie: Uergel Toccata Andreas Willscher

Chouer: Sängerfrënn Saassel-Maulusmillen
Dirigentin: Monique Palzer-Weber
Organistin: Nathalie Lamberty-Brachtenbach

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu