| lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vun Helleng iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf um 2. Faaschtesonndeg, de 25. Februar, um 9 Auer aus der Kierch vun Helleng iwwerdroen. D’Chorale Sainte Cécile vun Helleng, ënnerstëtzt vun der Chorale vun Uespelt, huet ënnert der Leedung vum Bernadette Kayser-Waldbillig gesongen, op der Uergel huet de Johny Holtzem-Berger begleet.
Chorale Sainte Cécile vun Helleng
D’Chorale Ste Cécile vun Helleng huet de Moment nach 16 aktiv Sängerinnen a Sänger. Mir treffen äis ee- bis zweemol d’Woch meeschtens mat eise Kolleginnen a Kollege vun Uespelt, fir ze prouwen. Mat hinnen zesumme sange mir och e Sonndeg d’Radiosmass.
Mir wënschen eisen Nolauschterer eng besënnlech a roueg Faschtenzeit.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
| Entrée: Uergel | Improvisatioun iwwer d’Agangslidd | |
|---|---|---|
| Agangslidd | Comme un cerf | LD 422 |
| Kyrie | Dans ton amour pitié pour moi | LD 357 |
| Zwëschegesank | Der Herr ist mein Licht | LD 151 |
| Credo | gëtt gebiet | |
| Gowelidd | Das Weizenkorn muss sterben | Johann Lauermann |
| Sanctus | Saint le Très Haut | LD 359 |
| Vater unser | gëtt gebiet | |
| Agnus Dei | Christ est Sauveur | LD 359 |
| Kommunioun: Uergel | Interlude | Pater Jean-Marie Plum |
| Schlusslidd | Le semeur est sorti pour semer | Jo Akepsimas |
| Sortie: Uergel | O Haupt voll Blut und Wunden | Johann Pachelbel |
Chouer: Chorale Sainte Cécile vun Helleng
Dirigentin: Bernadette Kayser-Waldbillig
Organist: Johny Holtzem-Berger
- Grondgebieder . Prières de base
- Gottesdéngschter . Célébrations
- Sakramenter . Sacrements
- Wallfaarten . Pèlerinages
- Prions chaque jour le rosaire pour l’unité de l’Église
- Somos encorajados a rezar diariamente o Rosário pela unidade da Igreja
- Neues Messlektionar in deutscher Sprache für das Lesejahr C wird zum 1. Advent in der Liturgie eingeführt


YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr