| lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vun Hueschtert iwwerdroen
Elo am Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, den 31. Januar, um 9 Auer aus der Kierch vu Hueschtert (Nidderaanwen) iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile Hueschtert huet ënnert der Leedung vum Jean Schumacher gesongen, op der Uergel huet de Stefan Dorneanu begleet.
Chorale Ste Cécile Hueschtert
D’Chorale Ste Cécile vun Hueschtert ass am Joer 1873 als Männerchouer gegrënnt ginn.
Am Joer 1958 ass aus dem Männerchouer e gemëschte Chouer ginn. An denen laange Joeren hat d’Chorale eelef Presidenten an nëmme 4 Dirigenten.
Haut besteet d’Chorale aus 26 aktive Memberen.
Dirigent ass den Här Jean Schumacher. Organiste sinn : Stefan Dorneanu a Kirsten Elmquist.
Mat eisem Gesank verschéinere mir all kierchlech a weltlech Fester. Fir dass mir nach laang kënnen esou sange wéi bis elo, brauche mir nei Sängerinnen a Sänger. Wie Loscht huet fir ze sangen, kann emol kucken kommen.
Eis Prouwe si Mëttwochs vun 20.00-22.00 Auer an eisem Proufsall 6, rue Principale zu Hueschtert. d’Kontaktpersoun ass : Juliette Beffort,
tél : 691 340 442 email : juliette.beffort gmail.com
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
| Entrée: Uergel | Gelobet seiest du, Jesu Christ | Johann Sebastian Bach |
|---|---|---|
| Agangslidd | Cantate Domino | Albert Leblanc |
| Kyrie | Messe de St. Boniface | Chants de L’Emmanuel |
| Gloria | Gloria...et in terra | Taizé |
| Zwëschegesank | Ubi caritas | Taizé |
| Alleluja | Messe de St. Boniface | Chants de L’Emmanuel |
| Credo | gëtt gebiet | |
| Gowelidd: Uergel a Gei | Pastorale aus Concerto Grosso N.8 A. | Arcangelo Corelli |
| Sanctus | Messe de St. Boniface | Chants de L’Emmanuel |
| Vater unser | gëtt gebiet | |
| Agnus Dei | Messe de St. Boniface | Chants de L’Emmanuel |
| Kommioun: Uergel a Gei | Ave Maria | Franz Schubert |
| Schlusslidd | Danke für dein Wort | Klaus Heizmann |
| Sortie: Uergel | Marcietta | Theodore Dubois |
Chouer: Chorale Ste Cécile Hueschtert
Dirigent: Jean Schumacher
Organist: Stefan Dorneanu
Gei: Ruben Dorneanu
- Gottesdéngschter . Célébrations
- Sakramenter . Sacrements
- Grondgebieder . Prières de base
- Wallfaarten . Pèlerinages
- Neues Messlektionar in deutscher Sprache für das Lesejahr C wird zum 1. Advent in der Liturgie eingeführt
- Prions chaque jour le rosaire pour l’unité de l’Église
- Somos encorajados a rezar diariamente o Rosário pela unidade da Igreja


YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr