lb fr pt en
Sonndesmass  
26. Mee 2017

D’Sonndesmass gouf vun Nidderkuer iwwerdroen

De Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf den 28. Mee um 9 Auer aus der Kierch vun Nidderkuer iwwerdroen. D’Chorale Ste-Cécile Nidderkuer huet ënnert der Leedung vum Sandy Thill gesongen, op der Uergel huet de Patrick de Rond begleet. Op der Gei huet d’Maggy Dumont gespillt.

De 24. Januar 2014 huet d’Chorale Ste Cécile Nidderkuer 100 Joer gefeiert. De Veräin besteet aus 15 aktive Memberen. Dirigentin ass d’Madame Sandy Thill, Organist den Här Patrick De Rond. Op der Gei gëtt d’Chorale vun der Madame Maggy Dumont begleed. Prouwen si freides vun 19.30 bis 21.00 Auer an der Kierch. Wie Loscht huet fir ze sangen, ass häerzlech invitéiert, kucken a mattmusizéieren ze kommen.

Kontakt

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée: Uergel Improvisation sur le chant d’entrée
Agangslidd Quand souffle l’esprit M: Jo Akepsimas, T: Michel Scouarnec
Kyrie Messe en l’honneur de St Fiacre Patrick Colombo
Gloria Messe en l’honneur de St Fiacre Patrick Colombo
Zwëschegesank Jésus Christ, notre amour, notre joie Ps 26
Alleluja Alléluia - Notre Pâques immolée, c’est le Christ M: Michel Wackenheim; T: D.P.
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Lobe den Herrn, meine Seele M: Norbert Kissel; T: nach Ps 103
Sanctus Messe en l’honneur de St Fiacre Patrick Colombo
Anamnèse Geheimnis des Glaubens Magnificat 360-5
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Messe en l’honneur de St Fiacre Patrick Colombo
Kommuniounslidd Que notre unité T + M: Anne-Marie Hue
Schlusslidd Geh, unter der Gnade Manfred Siebald; Satz: J.M. Opfermann
Sortie: Uergel Processional Kevin Mayhew

Chouer: Chorale Ste-Cécile Nidderkuer
Dirigentin: Sandy Thill
Uergel: Patrick de Rond
Gei: Maggy Dumont

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu