lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vun Useldeng iwwerdroen
Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, de 25. Oktober, um 9 Auer aus der Kierch vun Useldeng iwwerdroen. D’Chorale Ste-Cécile Useldeng huet ënnert der Leedung vum Fernand Even gesong, op der Uergel huet de Carlo Philippe begleet.
Chorale Ste-Cécile Useldeng
D’Chorale Ste Cécile aus der Gemeng Useldeng ass am Dezember 2015 gegrënnt ginn déi séch aus 28 aktive Memberen vun de fréiere Choralen Useldeng, Iewerleng, Rippweiler a Schandel, dem Organist Carlo Philippe an Dirigent Fernand Even zesummesetzt. Wéinst dem Covid19 sange mir dëst Joer d’Radiosmass a reduzéierter Besetzung. Fir eis Programmen anzeprouwen hu mir emol d’Woch (méindes) an eisem Proufsall an der aaler Schoul zu Iewerleng eng Prouf. Eis Haaptaktivitéiten bestinn aus der gesanglecher Gestaltung vun de Sonndes-, Feierdags-, Houchzäits- an Begriefnismassen an deene véier Dierfer vun eiser Gemeng, déi vum Här Paschtouer, Mathieu Janssen, zelebréiert ginn.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Jubilee Suite - Promenade | Gordon Young |
---|---|---|
Agangslidd | Venez chantons, c’est la fête | Cécile et Jean-Noël Klinguer |
Kyrie | Jésus, berger | Jacques Berthier; Didier Rimaud |
Gloria | Gloria | Taizé |
Alleluja | Alléluia | Ph. Robert |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Nimm, o Herr, die Gaben | Andrew Lloyd Webber; Tim Rice |
Sanctus | Saint le Seigneur | |
Anamnèse | Jesus Christus, operstane vum Doud | Noël Colombier; Léon Kirsch |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | La Paix, La Paix, donne nous Seigneur la paix | Raymond Fau |
Kommiounslidd | En marchant vers toi Seigneur | J.P. Lecot |
Schlusslidd | Rosenkranzkönigin | M. Haller; J.B. Tafratshofer |
Sortie: Uergel | Jubilee Suite - Carillon / Toccata | Gordon Young |
Chouer: Chorale Ste-Cécile Useldeng
Dirigent: Fernand Even
Organist: Carlo Philippe