lb fr pt en
Sonndesmass  
30. November 2023

D’Mass um 1. Advent gouf vun Aasselbuer iwwerdroen

Den 3. Dezember gouf d’Sonndesmass vun Aasselbuer iwwerdroen. D’Chorale Ste-Cécile Aasselbuer huet mat der Dirigentin Monique Palzer-Weber gesong, begleet op der Uergel vum Anne Weis-De Jongh. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Ste-Cécile Aasselbuer

Scho bal traditionell sange mir och dëst Joer eis Tëleesmass um 1. Advents-Sonndeg. Dëst Joer feiere mir zesumme mat der Amicale vun de fräiwëllege Pompjeeën, déi all Joer, den 1. Sonndeg am Dezember, hir Schutzpatréinesch, déi Helleg Barbara, éieren.
Eise Chouer besteet lo well 155 Joer an et mécht ëmmer rëm Freed an sou enger flotter Equipe souwuel kierchlech, wéi weltlech ze sangen. Mir hunn all Mëttwochs Prouf a probéieren och fir all Mass ee schéine Programm, mat deels neie Lidder, anzeprouwen. Fir de Moment hu mer 20 aktiv Sänger(innen), an et ass jidderee wëllkomm, dee gäre séngt. Avis aux amateurs.

De musikalesche Programm vun der Mass

Uergel: Entrée Preambulum Quarti Toni Johann Baptist Peyer
Agangslidd Bereitet den Weg dem Herrn Kommunität Gnadenthal / Arr. Anne Weis
Kyrie Können wir dem Herrn noch singen? R. Haak / S. Fietz / Arr. Anne Weis
Alleluja Lasst euch anstiften zur Freude R. Krenzer / D. Jöcker / Arr. Anne Weis
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Zeige uns, o Herr, den Weg Peter Brettner
Sanctus Heilig, Herr und Gott H. Virnekäs / P. Janssens / Arr. Anne Weis
Agnus Dei Lamm Gottes, gib uns Frieden Helmut Leeb
Kommiounslidd Im Advent, im Advent R. Krenzer / D. Jöcker/ Arr. Anne Weis
Schlusslidd Sankt Barbara unbekannt
Uergel: Sortie Fanfare: Macht hoch dir Tür Felix Bräuer

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu