lb fr pt en
Sonndesmass  
17. August 2023

D’Mass um 20. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Kierchen iwwerdroen

Den 20. August gouf d’Sonndesmass vu Kierchen iwwerdroen. Et huet d’Chorale Sainte-Cécile Bas- et Hautbellain ënnert der Leedung vum Edmond Kremer gesong, begleet op der Uergel vum Nathalie Lamberty-Brachtenbach. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

De Gesank Kierchen-Beesslek gouf den 29. Juli 1945 gegrënnt. Bal 80 Joer méi spéit engagéiere sech aktuell 8 Sänger a Sängerinnen an der Chorale Sainte-Cécile. Geprouft gëtt reegelméisseg mëttwochs owes. De Gesank gëtt vum Nathalie Lamberty-Brachtenbach op der Uergel begleet an den Edmond Kremer ënnerstëtzt eis reegelméisseg als Dirigent. Nei Membere si jidderzäit häerzlech wëllkomm.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée (Uergel) Henry’s Hornpipe Andrew Fletcher
Agangslidd Jubilate Canon Donald Moore & Phillip Hayes
Kyrie Messe de la Réunion Laurent Grzybowski
Gloria Messe de la Réunion Laurent Grzybowski
Alleluja Alléluia, nous t’acclamons (Messe de la Réunion) Laurent Grzybowski
Credo gëtt gebiet
Offertoire Tu peux naître de nouveau C. Bergèse & C. Fraysse
Sanctus Messe de la Réunion Laurent Grzybowski
Agnus Dei Messe de la Réunion Laurent Grzybowski
Kommioun Brot und Wein Johannes Jourdan & Klaus Heizmann
Schlusslidd Groß sein lässt meine Seele den Herrn Martin Schraufstetter
Sortie Toccata Jean Jules Auguste Wiernsberger

Gesank: Chorale Sainte-Cécile Bas- et Hautbellain
Dirigent: Edmond Kremer
Organistin: Nathalie Lamberty-Brachtenbach

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu