lb fr pt en
Sonndesmass  
29. September 2022

D’Mass um 27. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Furen iwwerdroen

Den 2. Oktober gëtt d’Sonndesmass vu Furen iwwerdroen. D’Chorale Sängerbond Fouhren séngt d’Mass. Dirigent ass de Paul Muller an Organistin ass d’Tamara Rosselet. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Sängerbond Fouhren

D’Chorale Sängerbond Fouhren gouf 1893 gegrënnt a feiert deemno gläich hiert 130 järegt Bestoen. Mat der frëndschaftlecher Ënnerstëtzung vu Sängerinnen a Sänger aus de Nopeschdierfer zielt eise Chouer 14 aktiv Memberen. Gäre géife mir nei Sängerinnen a Sänger an eisem Veräin begréisse fir zesummen och an Zukunft déi gesanglech Verschéinerung vun de Sonndesmassen, Hochzäitsfeieren, Begriefnisser an Kiermesmassen, sou wéi haut d’Kiermes zu Fouhren, kënnen ze gestalten.

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Praeludium in g BuxWv 148 D. Buxtehude
Agangslidd Rosenkranzkönigin LD 517
Kyrie Messe de la Réconciliation M. Wackenheim (arr. P. Colombo)
Gloria Messe de la Réconciliation M. Wackenheim (arr. P. Colombo)
Alleluja Alleluja E. Brucks
Credo gëtt gebiet
Offertoire Ave verum corpus W. A. Mozart
Sanctus Messe de la Réconciliation M. Wackenheim (arr. P. Colombo)
Anamnes Jesus Christus, operstane vum Doud LD 270
Agnus Dei Messe de la Réconciliation M. Wackenheim (arr. P. Colombo)
Kommioun Loué soit à tout instant J. F. Mpola
Schlusslidd Ein Haus voll Glorie schauet LD 90
Sortie Impromptu L. Vierne

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu