lb fr pt en
Sonndesmass  
12. Oktober 2023

D’Mass um 28. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Bauschelt iwwerdroen

De 15. Oktober gouf d’Sonndesmass vu Bauschelt iwwerdroen. De Gesank Gemeng Bauschelt huet mam Dirigent Jang Wio gesong, begleet op der Uergel vum Daniel Roemen. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

De Gesank Gemeng Bauschelt

De Chouer « Gesank Gemeng Bauschelt » ass ee gemëschte Chouer, zënter 20 Joer ënnert der Leedung vun hirem Dirigent Jang Wio, an dem Organist/Pianist Daniel Roemen, zënter 30 Joer derbäi. De Chouer verschéinert reliéis Feieren, huet awer och weltlech Optrëtter wéi Galaconcerten, Invitatiounen an Altersheemer asw.. Et gi Lidder aus allen Zäitepochen an och an all Sprooche gesongen.
D’Prouwe sinn ëmmer donneschdes vun 20:00-22:00 Auer.

De musikalesche Programm vun der Mass

Uergel: Entrée Entrée an Re Maj. Justin H. Knecht
Agangslidd Psaume de la Création Patrick Richard
Kyrie Kyrie Nicole Winandy
Gloria Gloire à Dieu Henry Purcell
Alleluia Alleluja Claude Windeshausen
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Here I am, Lord Dan Schutte
Sanctus Heilig, heilig LD 241
Anamnes Jesus remember me Taizé
Agnus Dei Mille colombes Christian Bruhn / Eddy Marnay
Kommiounslidd Sehnsucht nach Frieden Georg Friedrich Händel
Schlusslidd Un eis Jongen “1940-45” René Schmitz
Uergel: Sortie Grand Jeu en La Maj. Jean-Adam Guilain

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu