lb fr pt en
Sonndesmass  
20. Januar 2022

D’Mass vum 23. Januar gouf vu Lellig iwwerdroen

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Lellig/Manternach

D’Chorale Ste Cécile vu Manternach ass 1893, déi vu Lelleg 1902, béid als Männerchouer gegrënnt ginn. 1969 ass ënner dem Impuls vum Paschtouer Arthur Joseph Reckinger d’Erweiderung vum Männergesank op gemëschte Chouer geschitt. 1990 hunn déi zwou Choralen dunn decidéiert, zesummen ze sangen, ouni awer hir Eegestännegkeet als Veräin opzeginn.
Eng Zesummenaarbecht, déi bis elo bestens funktionéiert huet. Mir sangen d’Sonndes- an d‘Feierdagsmassen, Begriefnesser an Hochzäiten a bei offizielle Feieren. Wéinst der Pandémie ass d’Aktivitéit awer nach ëmmer op den noutwendege Minimum beschränkt. Jiddfereen dee Freed um Gesank huet, ass häerzlech wëllkomm fir matzemaachen.
Dirigent ass de Roby Mehlen, iwwerdeems de Norbert Weydert an den Ernest Santer meestens fir d’Uergelbegleedung suergen. D’Radiosmass um Fest vum hl. Antonius, Schutzpatroun vun der Lelliger Kierch, begleet de Marcel Weis, e Lelliger Jong, Titularorganist zu Maacher.

De musikalische Programm vun der Mass

Uergel Entrée Improvisatioun
Agangslidd Dans la paix et l‘unité Olivier Matete
Kyrie Seigneur notre Dieu prends pitié Gospelsong
Gloria Gloire à Dieu et paix sur la terre
Zwëschegesang Um die Welt geht unser Lied Willy Trapp
Credo gëtt gebied
Gowelidd Ein Haus voll Glorie schauet Joseph Mohr
Sanctus Heilig, heilig, ist der Herr Franz Schubert
Anamnèse Christ est venu Geissier/Wackenheim
Agnus Dei Dona nobis pacem
Kommuniounslidd Rendez grâce au Seigneur G. Darcy
Schlusslidd Antonius heilger Schutzpatron
Uergel Sortie Fuga in G J.S. Bach

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu