lb fr pt en
Sonndesmass  
25. November 2021

D’Mass vum 28. November gouf vun Aasselbuer iwwerdroen

D’Sonndesmass vum 1. Adventssonndeg gëtt vun Aasselbuer iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile Aasselbuer séngt ënnert der Direktioun vum Monique Palzer-Weber. Op der Uergel spillt d’Anne Weis-De Jongh. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Sainte-Cécile Aasselbuer feiert 40 Joër gemëschte Chouer

Nodeems mir 2018 eisen 150. Jubiläum grouss gefeiert hunn, éiere mir dëst Joër 5 Dammen, déi lo 40 Joër bei eis am Veräin sangen.

Si sinn 1980, wéi aus dem Männerchouer ee gemëschte Chouer gouf, an de Veräin kommen, a sinn eis bis haut trei bliwwen.
Et sinn dëst: Mme Zeimes-Baustert Marceline, Mme Weber-Hoffmann Maria, Mme Dichter-Meyer Hilda, Mme Glod-Pinsch Josette an Mme Zenner-Neser Josette.
Hinnen ee grousse Merci fir hiert joërelangt Engagement an hier Trei zum Veräin.

Fir de Moment hu mer 23 aktiv Sänger, eng flott Equipe, wou jiddereen wëllkomm ass, dee gäre sängt. Avis aux amateurs.
Eis Mass fënnt ënnert Covid-Check statt.

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Fanfare John Marsh
Agangslidd Am Kranz brennt eng Käerz Klaus Heizmann
Kyrie Messe en français Patrick Colombo
Alleluja Still zünden wir ein Licht nun an Lorenz Maierhofer
Credo gebiet
Gowelidd Sind die Lichter angezündet M.: Hans Sandig / T.: Erika Engel
Sanctus Messe en français Patrick Colombo
Agnus Dei Messe en français Patrick Colombo
Kommiounslidd Jesus, unser Retter naht Gerard Breas/Klaus Heizmann/Frans Punt
Schlusslidd Venez divin Messie T: P. Roguet/P. Barjon
Sortie Wachet auf ruft uns die Stimme Johann Gottfried Walther

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu