lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Biissen iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf e Sonndeg, den 3. Februar, um 9 Auer aus der Kierch vu Biissen iwwerdroen. De Biisser Kannergesank a Jugendgrupp hunn ënnert der Leedung vum Jean-Marie Bock gesongen. Musikante waren Armand Bleser, Triny Gorza, Sylvie Hagen, Guy Kraus a Cathy Steichen.
De Biisser Kannergesank an de Jugendgrupp sangen d’Radiosmass
De Biisser Kannergesank an de Jugendgrupp bestinn aktuell aus 76 Memberen tëschent 6 an 23 Joer. Zu hiren Haaptaktivitéite gehéiert den alljährleche Musical ëm Christi-Himmelfahrt, wou Kanner a Jugendlecher zesummen Theater spillen, sangen, danzen an d’Leit begeeschteren (dëst Joer de 17., 18. an 19. Mee). Zum Schluss vun all Joer fuere si an der Päischtvakanz op Blankenberge, wou si 6 schéin an onvergiesslech Deeg verbréngen.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Agangslidd | Ensemble, nous pouvons faire ensemble | Noël Colombier |
---|---|---|
Kyrie | Kyrie, Jesus hörst Du mich? | Robert Haas / Rolf Krenzer |
Gloria | Ich lobe meinen Gott | Christoph Lehmann / Hans-Jürgen Netz |
Alleluja | Halleluja – Gehet nicht auf in den Sorgen dieser Welt | vun Taizé |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Kostbar wie Gottes Segen | Siegfried Fietz / Daniela Dicker |
Sanctus | Lasset uns gemeinsam | M & T überliefert |
Anamnèse | Il est vivant | Noël Colombier |
Vater unser | Notre Père | Benjamin & Thomas Pouzin |
Agnus Dei | Donne la paix | Jean-Noël Klinguer |
Kommuniounslidd | For the beauty of the earth | John Rutter |
Schlusslidd | Die Erde ist schön | M: Soeur Sourire T: unbekannt |
Chouer: De Biisser Kannergesank a Jugendgrupp
Dirigent: Jean-Marie Bock
Musikanten: Armand Bleser, Triny Gorza, Sylvie Hagen, Guy Kraus a Cathy Steichen