lb fr pt en
Sonndesmass  
3. Januar 2017

D’Sonndesmass gouf vu Biwer iwwerdroen

De Replay elo op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf um Héichfest vun der Erscheinung vum Här, den 8. Januar, vu Biwer iwwerdroen. D’Choralen vu Bech-Biwer-Hemstel stoungen ënnert der Leedung vum Tom Osborne, op der Uergel huet de Jean-Paul Schmit begleet. Um Keyboard huet d’Libby Kramer gespillt.

Chorale Bech-Biwer-Hemstel

Zënter 2004 sangen déi Kierchechéier vu Bech, Biwer an Hemstel zesummen. Dës frëndschaftlech a musikalesch Zesummenaarbecht iwwer d’Pargrenzen an sogar Dekanatsgrenzen ewéch dréit séng Friichten fir eng engagéiert a leidenschaftlech musikalesch Gestaltung vun de Gottesdéngschter an doriwwer eraus fir Concerten an der Regioun. De Chouer versteet säin Asatz als e Beitrag zur spiritueller a mënschlecher Solidarität an de Pargemeinschaften an an den Dierfer. De breet gefächerte Répertoire, deen zënter Joren gesongen an ëmmer erëm erneiert gëtt, begeeschtert Sänger an Nolauschterer gläichermossen. Déi ongeféier 25 Sänger a Sängerinnen giffe séch awer och op nei Sängerkollegen vun Haerzen freeën. D’Prouwe si mëttwochs, 19.30-21.30 Auer, ofwiesselnd zu Bech an zu Hemstel.

Kontakt

Suivéiert d’Mass hei

De musikalische Programm vun der Mass

Uergel: Entrée Introduction-Choral aus der Suite Gothique Léon Boëllmann, Opus 25
Agangslidd Ein Stern ging auf im Osten G. Görres, F. Pocci (Magn 820)
Kyrie Licht, das uns erschien M.L. Thurmair/H. Rohr (Magn 129)
Gloria Gloire à Dieu J. Akepsimas
Zwëschegesank Werde Licht, Jerusalem + Ps 72 (Magn 153,1) / O. Vecchi
Alleluja Hallelujah + Vers + Coda (Magn 530,8) / Satz: Colin Mawby
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Enatus est Emmanuel M. Praetorius
Sanctus Heilig, Heilig, Heilig (Magn 817,4)
Anamnèse Christ est venu F. Geissler, M. Wackenheim (Magn 1128)
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Aus dem Himmelssall W. Goergen, V. Goldschmit (Magn 819)
Kommiounslidd Quittez, pasteurs Alain Wilson
Schlusslidd Adeste fideles Arr: Menager
Uergel: Sortie Fuga J.S. Bach, BWV 558

Chéier: Choralen vu Bech-Biwer-Hemstel
Organist: Jean-Paul Schmit
Keyboard: Libby Kramer
Leedung: Tom Osborne

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu