lb fr pt en
Sonndesmass  
28. Abrëll 2022

D’Sonndesmass vum 1. Mee gouf vu Weiler zum Tuerm iwwerdroen

D’Sonndesmass um 3. Ouschtersonndeg gouf vu Weiler zum Tuerm iwwerdroen. D’Chorale Sainte Cécile Weiler & Haassel séngt d’Mass. Dirigent ass den Horatiu Dragan, Organistin ass d’Simone Appelbaum-Goebel. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

Die Chorale Sainte-Cécile Weiler & Haassel

Éischt Statute fir e Männerchouer am Joer 1890, nei musikalesch Ausriichtung 1969 mat der Integratioun vu jonken, gesangsbegeeschterten Dammen, ass d’Chorale Weiler&Haassel aktuell en zueleméisseg éischter bescheidenen, mee trotz all den erliefte Restriktiounen weiderhin beschtens opgestallte Veräin.

Méistëmmeg Gesäng fir ënnerschiddlech Geleeënheeten, mol méi lieweg-freedeg, mol méi beschaulech-traureg, léieren d’Sängerinnen a Sänger am Proufsall zu Haassel ënnert der Uleedung vum Dirigent Horatiu Dragan mëttwochs, vun 19.30 bis 21 Auer.
Fir d’Massen a Gottesdéngschter am 14-Deeg-Rhythmus, fir ugepasste Programmer op de Feierdeeg, kann de Weiler Gesank op d‘Ënnerstëtzung vun der Organistin Simone Appelbaum-Goebel zielen.

Ofgestëmmtheet an Zouverlässegkeet, Wäertschätzung a Frëndschaft si bei der Chorale Ste Cécile Weiler & Haassel Garant fir eng effizient Teamaarbecht, réigelméisseg och bei gesellschaftlechen Uläss.

Fotoen (Kierch + Chorale): Alois Theisen

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Praeludium in D Gustav MERKEL
Agangslidd Gloire à toi, source de toute joie Myriam DEBOEUF / Communauté de l’Emmanuel
Kyrie Kyrie Hans JAKADOFSKY
Gloria Gloria, Gloria Jon PAIGE
Alleluja Alléluia, le Seigneur règne Ester de VRIES / Chants de l‘Emmanuel
Credo gebied
Fürbitten O Lord, hear my prayer Jacques BERTHIER / Communauté de Taizé
Offertoire Aimer, il suffit d‘aimer Georges LEFEBVRE / Jean-Marie BELLIARD
Sanctus Sanctus Hans JAKADOFSKY
Anamnes L’Esprit de Dieu Lucien DEISS
Agnus Dei Agnus Dei Hans JAKADOFSKY
Kommioun Quand il disait à ses amis Didier RIMAUD / Jo AKEPSIMAS
Schlusslidd Freue dich, Welt Isaac WATTS / Georg Friedrich HAENDEL
Sortie Sortie [aus “L’organiste moderne”] Louis LEFÉBURE-WELY

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu