lb fr pt en
Priedegten 2023  
8. Mee 2023

Well s du et sees

Lauschtert a liest d’Oktavpriedegt vum Renée Schmit (8. Mee 2023)

Aus dem heiligen Evangelium nach Lukas (Lk 5,1-11)

Es geschah aber: Als die Volksmenge Jesus bedrängte und das Wort Gottes hören wollte, da stand er am See Gennesaret und sah zwei Boote am See liegen. Die Fischer waren aus ihnen ausgestiegen und wuschen ihre Netze. Jesus stieg in eines der Boote, das dem Simon gehörte, und bat ihn, ein Stück weit vom Land wegzufahren. Dann setzte er sich und lehrte das Volk vom Boot aus.

Als er seine Rede beendet hatte, sagte er zu Simon: Fahr hinaus, wo es tief ist, und werft eure Netze zum Fang aus! Simon antwortete ihm: Meister, wir haben die ganze Nacht gearbeitet und nichts gefangen. Doch auf dein Wort hin werde ich die Netze auswerfen. Das taten sie und sie fingen eine große Menge Fische; ihre Netze aber drohten zu reißen. Und sie gaben ihren Gefährten im anderen Boot ein Zeichen, sie sollten kommen und ihnen helfen. Sie kamen und füllten beide Boote, sodass sie fast versanken.

Als Simon Petrus das sah, fiel er Jesus zu Füßen und sagte: Geh weg von mir; denn ich bin ein sündiger Mensch, Herr! Denn Schrecken hatte ihn und alle seine Begleiter ergriffen über den Fang der Fische, den sie gemacht hatten; ebenso auch Jakobus und Johannes, die Söhne des Zebedäus, die mit Simon zusammenarbeiteten. Da sagte Jesus zu Simon: Fürchte dich nicht! Von jetzt an wirst du Menschen fangen. Und sie zogen die Boote an Land, verließen alles und folgten ihm nach.




Här Kardinol,
Léif alleguer,

„D’ganz Nuecht hu mir gefëscht an näischt gefaangen.“ – Eng Krisesituatioun am Evangelium an zugläich eng nei spirituell Erfarung un den Uwänner vum Séi Gennesareth. Wien déi eidel Booter mat den eidelen Netzer gesäit, denkt vläicht och un ee gewëssen Immobilismus, dee sech och op Plazen an d’Lëtzebuerger Kierch ageschlach huet. Den neiste Statistiken no gleewen iwweregens nëmmen nach 40 % zu Lëtzebuerg u Gott, déi aner sinn indifferent oder gleewen u guer näischt méi.

De belsche Jesuitepater a Soziolog Charles Delhez s.j. schreift a sengem leschte Buch Église catholique. Renaître ou disparaître [1] dat hei: „Nous assistons à la disparition de la « matrice catholique » de notre société occidentale, à la fin du « modèle paroissial ». […] Jadis l’institution romaine quadrillait tout le territoire.“

Et war eng Kierch, wou et a ville chrëschtlechen Organisatiounen a Mouvementer nach een Aumônier gouf, eng Kierch, wou d’Leit d’Werter „diktéiert“ kruten an d’Mënschen duerch d’Kathoulesch Aktioun an der Volleksfrëmmegkeet ee Liewenssënn kruten. Eis Gesellschaft war nun einfach emol chrëschtlech. Haut si mir dovu wäit ewech. D’Sekulariséierung fuerdert äis eraus an donieft dréit d’Kierch och nach dacks ëm sech selwer a verléiert esou hir Energie: ënner Streidereien, deen een, deen een anert Kierchebild huet wéi ech, komplizéiert Biographien an Temperamenter, déi an enger klenger Kierch openee stoussen… Hu mir ee Platten? Ass d’Loft äis plazeweis ausgaangen oder huet Christus seng Kierch verlooss?

D’Erzielung vum räiche Fëschfank kënnt äis da vir, wéi een Hoffnungszeechen um Horizont, well de Jesus sech nawell net mat den eidelen Netzer offënnt. Hie gesäit de Fëscher hiren Dauer, diskutéiert awer net mat hinnen a geet hinnen awer net aus dem Wee. Am Contraire, grad an dësem Moment kënnt de Jesus méi no. Hie klëmmt an dem Péitrus säi Boot a seet him domat kloer, datt Hien säi Misär gesinn huet an hien net eleng léisst. No enger laanger Katechees, déi hie fir d’Leit aus dem Boot eraus hält, fuerdert de Jesus dann de Péitrus op, nach emol eraus ze fueren, fir d’Netzer do auszegeheien, wou et méi déif ass. De Jesus weess ganz gutt, datt d’Fëscher dës Aarbecht nëmme kënnen zesummen ugoen. Teamaarbecht ass gefuerdert. Och wann de Péitrus fir d’éischt emol skeptesch ass, léisst hien sech – trotz ënnere Widderstänn – am Vertrauen op dem Jesus säi Wuert an a seet: „Wann s du et sees! Wann s du et sees, Jesus, probéieren ech et nach eng Kéier!“ An da geheien si d’Netzer zesummen aus a fänken esou vill Fësch, datt si bal ënner ginn. Nëmme mat der Hëllef vun anere kënne si de Fank a Sécherheet bréngen.

Vu wou kommen dës Fësch op eemol? Si sinn do ze fannen, wou de Péitrus mat deenen aneren iwwert de Rand vun hirem bekannte Revéier eraus fësche geet, op där Plaz, déi de Jesus hinne gewisen huet. Dëst Bild muss ech net laang erklären. De Péitrus kann nëmmen nach an d’Knéie goen a seet: „Géi fort vu mir, Här, well ech sinn ee Sënner.“ Eigentlech hat hien net méi domat gerechent, op deem Dag seng Famill nach sat ze kréien, obwuel hien de Mond esou grouss opgemaach hat. Een Zeeche vun Hoffnung un den Uwänner vum Séi Gennesareth!

De Péitrus gëtt och eiser Kierch een Impuls, well hie sech nei un dem Jesus säi Wuert bënnt an da vun him mat enger neier Perspektiv iwwerrascht gëtt. No enger Nidderlag mécht de Péitrus mam Jesus eng nei spirituell Erfarung a versteet, datt hien et net verdéngt huet, vum Jesus esou generéis beschenkt ze ginn. Iwwer Jore war hien gewinnt, säin eegene Chef ze sinn an elo geet him a senger ganzer Aarmséilegkeet d’Häerz op an hien erkennt, datt de Jesus säi Patron ass.

A sengem Buch La Parole de Dieu autour de la Table [2] geet den Henri Bastin, fréieren Deche vu Malmedy a laangjärege geeschtleche Begleeder vum Foyer de Charité vu Spa, op seng pastoral Erfarunge mat der Helleger Schrëft um Wee an eng anerer Kierch an. A sengem Projet „Tables de la Parole“, deen hien op esou ville Plaze scho mat ganz einfache Leit initiéiert an animéiert huet, entstinn nei Zelle vu Gemeinschaft. Hoffnungszeechen och an eise Géigenden.

„Wann s du et sees!“ „Op däi Wuert hin!“ Géint all géigendeeleg Behaaptungen a Besserwësserei, géint all Forme vun Decouragement, géint dat, wat anerer soen a mengen, freet de Jesus och mech, ob ech meng Aarbecht als neien Optrag vun him wëll empfänken an nach emol wëll eraus fueren.

Doduerch kann en neien Opbroch entstoen, matzen an der Kris, wou et op mech ukënnt. An der Kierchegeschicht gouf et a gëtt et ëmmer erëm Beispiller, wou Mënschen, trotz allem, op dem Herrgott säi Wuert gelauschtert hunn an aus dem Gehorsam eraus am Klengen Grousses gewierkt hunn.

Den Alexander Men, en orthodoxe Geeschtlechen, eng grouss intellektuell Figur aus Russland, éischten Iwwersetzer vum Soljenitsyne sengem Buch Archipel Goulag, huet zur Zäit vum kale Krich an den Hauskierchen vu Moskau Grousses am Klenge gewierkt a gouf um Wee fir an de Gottesdéngscht 1990 mat enger Aaxt hannerhälteg erschloen. Den Dag virdrun hat hie seng lescht ëffentlech Konferenz gehale mam Titel “Le christianisme ne fait que commencer” [3].

Deemools huet hien d’Leit drop opmierksam gemaach, datt eng nei Zäit ugebrach wier, wou d’Chrëschten ee Coming-out misste maachen. Haut sti mir a Westeuropa virun änlechen Erausfuerderungen. D’Kierch brauch nei couragéiert Entscheedungschrëschten, déi sech a klenge Gemeinschaften zesumme fannen. De Jesus sicht Mënschen, déi sech duerch säi Wuert usprieche loossen, Mënschen déi sech trotz allen Onzoulänglechkeeten – hiren eegenen an deene vun aneren – nei an trei engagéieren.

„Wëllt och Dir ärer Wee goen?“ – Esou freet de Jesus seng Jünger zum Schluss vun der Broutried am Johannesevangelium, wann esouguer seng enkste Frënn ufänken, fir him d’kal Schëller ze weisen. An da gëtt de Péitrus dem Jesus déi wonnerbar Äntwert: „Här, bei wie solle mir goen? Du eleng hues d’Wierder vum éiwege Liewen.“ [4]

„Op däi Wuert hin“ heescht, sech net als Kierch an engem Gebai anzebunkeren, e Réckzuch an d’Sakristei ze maachen oder hannert d’Kierchefënsteren. „Op däi Wuert hin“ kann heeschen, eraus bei d’Mënsche goen, fir si erëm wouer ze huelen, hinnen nozelauschteren an sech da mat aneren an dëser Welt, fir dës Welt ze engagéieren.

De schonn zitéierte Charles Delhez schreift a sengem leschte Buch: „Si je reste dans cette institution, ce n’est pas pour sauver les meubles à la manière des antiquaires, mais parce que la cause de l’Évangile m’a convaincu et la personne de Jésus Christ m’a séduit.“ [5]

Nëmmen am Kontakt mam Jesus, wa mir Hien an äis liewe loossen, gi mir nei motivéiert fir eis Netzer nach eng Kéier auszewerfen an Zeie vun der Hoffnung ze ginn an enger Welt wou d’Hoffnung feelt. Amen.


[1Charles Delhez, Église catholique. Renaître ou disparaître, Éditions jésuites, 2022, S. 17.

[2Henri Bastin, La Parole de Dieu autour de la Table. Parcours communautaire de Lectio Divina à Malmedy et en d’autres lieux, Licap-Halewijn, 2022.

[3Alexandre Men, Le christianisme ne va que commencer, Éditions du Cerf, 2010.

[4Joh 6,68.

[5Charles Delhez, op. cit., S. 78.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu