lb fr pt en
Sonndesmass  
8. Oktober 2021

D’Mass vum 10. Oktober gouf vun Habscht iwwerdroen

D’Sonndesmass vum 10. Oktober gouf aus der Kierch vun Habscht iwwerdroen. Et hunn d’Choralen Äischen-Habscht-Käerch ënnert der Direktioun gesong an op der Uergel begleet vum Francis Lukas. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Dës Mass ass eng CovidCheck-Manifestatioun, d.h. d’Leit, déi gären un der Mass deelhuelen, sollen w.e.g. hiren Certificat matbréngen.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Choralen Äischen-Habscht-Käerch

Zënter e puer Joer prouwen d’Chorallen Habscht, Äischen a Käerch zesummen. Trotzdeem ass awer nach jiddereen een eegestännege Veräin. D’Feierdeeg sange mir zesummen a bei de Begriefnisser hëllefe mir een dem aneren aus. Mir sangen awer nit nëmme Massen, mee och weltlech Concerten.

All Donneschden kommen déi 3 Veräiner zu Habscht zesummen fir vun 20-22 Auer ze prouwen. Wann Dir interesséiert sidd fir mat ze sangen, sidd dir häerzlech wëllkomm.

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée Praeludium in G BWV 541 Johann Sebastian Bach
Agangslidd Aus Herzensgrund ruf ich zu dir LD 86
Kyrie Messe breve No. 7 Charles Gounod
Gloria Messe breve No. 7 Charles Gounod
Alleluja Alléluia LD 191
Credo gëtt gebiet
Gowelidd O Salutaris, Messe breve No. 7 Charles Gounod
Sanctus Messe breve No. 7 Charles Gounod
Anamnes Jésus, Messie humilié Jacques Berthier
Agnus Dei Messe breve No. 7 Charles Gounod
Kommiounslidd C’est toi, Seigneur, le pain G. Kyrbie
Schlusslidd D’Heemecht J.A. Zinnen
Sortie Fuga in G BWV 541 Johann Sebastian Bach

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu