lb fr pt en
Sech an der Kierch engagéieren . S’engager dans l’Église  
13. November 2017

Hei sinn ech... du hues mech geruff

130 Massendénger hunn um Mafrema zu Ettelbréck deel geholl

Ronn 130 Massendénger, Meedercher a Jongen tëscht 8 an 20 Joer, ware komm: op den traditionellen MAFREMA (MAt FREed MAssendénger). Dësen Dag steet zënter 22 Joer fest am Kalenner vun de Lëtzebuerger Massendénger: en Dag fir nei Massendénger kennen ze léieren, a besonnesch fir sech ze forméieren an z’informéieren, fir zesummen Neies kennen ze léieren a besser ze verstoen, fir ze spillen, ze bastelen, kreativ ze sinn, nozedenken an ze bieden.

Säit laange Joren ware mir nees zu Ettelbréck an der Schoul Ste Anne fir de MAFREMA – an den Dag ass ugaang mat enger Massfeier. Dat konnten d’Leit zu Ettelbréck och gesinn: an enger Prëssessioun sinn d’Massendénger an hiren Tunikken duerch d’Foussgängerzon gaang a goufen an der Entrée vun der Parkierch vum Här Äerzbëschof mam Här Paschtouer vun Ettelbréck begréisst.

Beruff, fir mat Jesus verbonnen ze sinn

Sou wéi de Samuel vu Gott beruff ginn ass, sou wéi de Jesus Fëscher zu senge Frënn beruff huet: sou sinn d’Massendénger och besonnesch beruff, fir mat Jesus verbonnen ze sinn an ze bleiwen. Duerch d’Gebiet, duerch Stëllt am Häerz a besonnesch duerch den aktiven Déngscht an der Kierch an un hire Matmënschen hunn d’Massendénger eng besonnesch Aufgab vu Gott kritt als Mënschefëscher d’Freed um Glawen an un der chrëschtlecher Gemeinschaft weiderzedroen. Mat dëse Gedanken huet den Äerzbëschof d’Massendénger encouragéiert, sech weider aktiv a mat Freed anzesetzen.

Mat Freed ass et dunn nom Picknick an déi verschidden Ateliere gaang, déi vun der “Equipe Lëtzebuerger Massendénger” geplangt a mat villen anere Bénévolen duerchgeféiert goufen.
Villes konnt een hei bäiléieren: datt een d’Bibel kann huelen, fir e gudde Kuch kënnen ze baken; datt d’Faarwen an d’liturgesch Geräter an der Kierch all hir Bedeitung hunn; wéi een de Wäiraachfass richteg un d’Dämpe kritt oder wéivill Aarbecht et ass, fir Bibeltexter a schéiner Schrëft op Pabeier ze bréngen.

Vum Bastelatelier bis an de Benin

Iwwert eist Ländchen eraus, bis an de Benin hunn d’Massendénger mat Hëllef vum Kannermissiounswierk gekuckt; am Bastelatelier konnte si selwer ee klenge Fangerrousekranz an Lieblingsfaarwen zesummefädelen; bei Spiller ass d’Wësse getest ginn iwwert de Massendéngeralldag, iwwer de Massendéngerpatroun Tarcisius a villes méi.
Déi “Grouss” aus dem Postprimär konnten sech als Fleuriste betätegen an hu schéi Blummendekoratiounen gezaubert; anerer hu mat Gedold, mat Neel a Fuedem e flott Bild realiséiert, während anerer sech musikalesch betätegt hunn.

Bei all dësen Aktivitéiten ass et zu neie Bekanntschafte komm, och zu flotten Diskussiounen iwwert d’Bedeitung vu Massendénger sinn a Glawen.

Geruff sinn - beruff sinn: sécher hunn all déi, déi deen Dag matgemaach hunn, gespiert: ech stinn net eleng do. A wann och am Moment eng anti-kierchlech Stréimung a gewësse Gesellschaftsschichten modern ass: Massendénger an hir Responsabel am ganze Land loossen sech net ënnerkréien!

Equipe Lëtzebuerger Massendénger

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu