lb fr pt en
Sonndesmass  
20. Juli 2023

D’Mass um 16. Sonndeg am Joreskrees gouf vu Beetebuerg iwwerdroen

Den 23. Juli gouf d’Sonndesmass vu Beetebuerg iwwerdroen. Et huet d’Chorale Sainte-Cécile Beetebuerg gesong, Dirigentin war d’Myriam Schartz, op der Uergel begleet de Romain Ludwig. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay

D’Chorale Sainte-Cécile Beetebuerg

D’Chorale Ste Cécile vu Beetebuerg huet scho vill Joren um Bockel. Sie gouf 1889 an d’Liewe geruff, fir d’éischt als Männerchouer, nom 2. Weltkrich koum kuerzfristeg e Bouwechouer derbäi a säit 1966 konnten Damme bäitrieden. De Chouer verschéinert d’Sonndesmassen, sengt Begriefnisser an Hochzäiten an och weltlech Optrëtter stinn um Programm.
D’Chorale besteet am Moment aus 15 aktive Memberen a gëtt geleet vum Myriam Schartz. Den Organist op der Beetebuerger Uergel ass de Romain Ludwig.
Mir treffen eis all Donneschden um 19.30 Auer an der Kierch fir ze prouwen. Wien sech eis wëllt uschléissen ass häerzlech wëllkomm, well de Chouer ass frou fir all neie Member.

De musikalesche Programm vun der Mass

Uergel: Entrée Introduktioun iwwert d’Agangslidd
Agangslidd Ein Haus voll Glorie Joseph Mohr
Kyrie Guardian Angel Mass L. Nemmers
Gloria Gloria, Ehre sei Gott Kathi Stimmer-Salzeder
Alleluja Alléluja, paroles de vie Jean-Marie Vincent
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Seigneur mon âme s’émerveille C.C. Scholefield
Sanctus Guardian Angel Mass L. Nemmers
Anamnes Gloire à toi LD 263
Agnus Dei Guardian Angel Mass L. Nemmers
Kommiounslidd Un cri de joie: Magnificat! Guy de Courrèges
Schlusslidd Geh mit Gottes Segen Pasquale Thiébaut
Uergel: Sortie Fuga BuxWV174 Dietrich Buxtehude

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Tëleesmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu