lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Remerschen iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf e Sonndeg, den 30. Dezember, um 9 Auer aus der Kierch vu Remerschen iwwerdroen. D’Chorale St Sébastian Riémeschen huet zesumme mat der Chorale Ste Cécile Schengen gesongen ënnert der Leedung vum Ramona Schram-Dabé, op der Uergel huet de Pierrot Gloden begleet.
D’Chorale St Sébastian Riémeschen an d’Chorale Ste Cécile Schengen
D’Chorale St Sébastian Riémeschen séngt d’Sonndesmass zesummen mat der Chorale Ste Cécile Schengen. Mir si nëmme méi e ganz klenge Chouer, ongeféier eng dozen Sänger a Sängerinnen, zesummen mat dem Schenger Chouer. Mir hunn alleguer Freed um Sangen, hunn och e puer Kolleginnnen aus de Nopeschdierfer als Member, an esou brengen mir et fäerdeg fir all Sonndeg a Feierdag, mat der Stäip vun eisem Organist, dem Pierrot Gloden, mateneen eisen Deel zur Houmass bäizedroen. Bei gréissere Feieren sange mir zesummmen mat alle Choralen aus der Gemeng, a kréie gehollef vun enger vun deenen zwou Dirigentinnen, dem Christiane Klincker vu Welleschten oder dem Ramona Schram-Dabé vun Bech-Klengmacher, déi mir eis och, wann d’Organisatioun vun der Feierlechkeet bei eis läit, dann ausléinen.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Introduction | |
---|---|---|
Agangslidd | O heilige Stätte in Nazareth fern | |
Kyrie | Weihnachtsmesse | M. Krippes / A. Müller |
Gloria | Für Weihnachten | Peter Beckius |
Zwëschegesank | Christ est là dans la nuit | Raymond Facelina / Michel Wackenheim |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Reçois l’offrande de tes enfants | J. David Julien |
Sanctus | Weihnachtsmesse | M. Krippes / A. Müller |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Weihnachtsmesse | M. Krippes / A. Müller |
Kommuniounslidd | Resonet in laudibus | |
Schlusslidd | Auf Christen singt festliche Lieder | Magnificat 816 |
Sortie: Uergel | Il est né |
Chouer: Chorale St Sébastian Riémeschen, Chorale Ste Cécile Schengen
Dirigentin: Ramona Schram-Dabé
Organist: Pierrot Gloden