lb | fr | pt | en |
4. Ouschtersonndeg B
Joh 10,11-18
11 De Jesus sot: "Ech sinn dee gudden Hiert. Dee gudden Hiert gëtt säi Liewen hier fir d’Schof.
12 Wann dee gedangte Kniecht, deen net den Hiert ass an deem d’Schof net gehéieren, de Wollef komme gesäit, da léisst hien d’Schof am Stéch a mécht sech duerch d’Bascht, an dann hëlt de Wollef se a jeet se auseneen.
13 Esou geet et, well de Kniecht nëmme gedangt ass an him näischt un de Schof läit.
14 Ech sinn dee gudden Hiert. Ech kenne meng Schof, a meng Schof kenne mech,
15 esou wéi de Papp mech kennt an ech de Papp kennen. Mäi Liewe ginn ech hier fir d’Schof.
16 Ech hunn awer nach aner Schof, déi net aus dësem Stall sinn. Och déi muss ech féieren, da lauschteren se op meng Stëmm, an esou gëtt et eng eenzeg Häerd mat engem eenzegen Hiert.
17 De Papp huet mech gär, well ech mäi Liewen hierginn, fir et erëmzehuelen.
18 Et hëlt kee mir et ewech, ma ech ginn et vu mir aus hier. Ech hunn d’Muecht, fir et hierzeginn, an ech hunn d’Muecht, fir et erëmzehuelen. Dësen Optrag hunn ech vu mengem Papp kritt."