lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass vum 5. Juni gouf vun Hemstel iwwerdroen
D’Sonndesmass vum 5. Juni gouf vun Hemstel iwwerdroen. D’Chorale Sainte-Cécile Hemstel séngt d’Mass. Dirigent ass den Thomas P. Osborne, Organistin ass d’Libby Kramer. D’Mass gëtt um 9 Auer als Tëleesmass live op .dok TV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Sainte-Cécile Hemstel
Déi lescht Joren ware sécher net einfach, och nët fir d’Kierchechéier : Covid-19, Alter, Krankheet a Krich sinn net spuerlos laanscht gaangen. Déi Botschaft vun onsem Glawen gëtt ons trotzallem ëmmer nees nei Hoffnung a verlangt, datt mir Chéier am Déngscht vun der chrëschtlecher Gemeinschaft stinn an do zesummen nei Weeër sichen. Fir dat grousst Fest vu Péngschten hunn d’Sängerinnen an d’Sänger vun Hemstel mat hire Frënn vu Biwer nei Harmonien, nei Rythmen a nei Lidder erausgesicht fir klor an däitlech ze proklaméieren, datt mir am Geescht vum Jesus alleguer Bridder a Schwester (Fratelli tutti laut dem Popst Franziskus) sinn an datt mir ons engagéieren fir d’Liewen vun de Menschen iwwerall an onser bedrohter Welt.
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée | Komm, Heil’ger Geist | Johann Pachelbel |
---|---|---|
Agangslidd | Komm, heilger Geist, der Leben schafft | greg., J.F. Doppelbauer, Ingo Bredenbach |
Kyrie | gebiet | |
Gloria | Gloria, Ehre sei Gott | Kathi Stimmer-Salzeder |
Tëschegesank | Veni Sancte Spiritus | Magn 243 |
Alleluja | Alleluia, Esprit donnée pour la vie | Charles Singer, Michel Wackenheim |
Credo | gebiet | |
Offertoire | Fratelli tutti | Claude Bernard, Michel Wackenheim |
Sanctus | Missa tertia 1944 | Lajos Bárdos |
Anamnes | Magn 360,5 | |
Agnus Dei | Missa tertia 1944 | Lajos Bárdos |
Kommioun | Spirit Blowing through Creation | Marty Haugen |
Danksagung | Souffle de Dieu | Michel Scouarnec, Jo Akespimas |
Schlusslidd | Send down the fire of your Spirit | Marty Haugen |
Sortie | Komm, Heiliger Geist, Herre Gott | Georg Philipp Telemann |