lb fr pt en
Sonndesmass  
2. Dezember 2020

D’Sonndesmass gouf vun Zéisseng iwwerdroen (06.12.2020)

Replay op cathol.lu

D’Sonndesmass gouf dëse Sonndeg, den 6. Dezember, um 9 Auer aus der Kierch vun Zéisseng iwwerdroen. Et hunn d’Chantres de St-Joseph vun Zéisseng mat Hëllef vun der Chorale Ste-Cécile vu Märel gesongen, ënnert der Leedung vum Pascale Philippy, op der Uergel begleet vum Georges Jungbluth.

D’Chantres de St-Joseph vun Zéisseng

Den Zéissenger Kierchekouer, « les Chantres de St-Joseph » ass den 15. August 1921 gegrënnt ginn. Et war geplangt d’Feierlechkeeten fir de ronne Gebuertsdag am Fréijor 2020 mat engem schéinen Concert spirituel an enger feierlecher Radiosmass anzelauden.
Wéinst där aktueller Situatioun huet de Concert missen ofgesot an d’Radiosmass verluegt ginn. Trotz deenen schwieregen Zäiten ass et de Chantres awer wichteg fir d’Massen zu Zéisseng gesanglech ze encadréieren am Respekt vun de virgeschriwwenen Distanzen a mat Droën vun Masken.
Déi 24 Sänger/innen stinn ënnert der Leedung vun der Madame Pascale Philippy, op der Uergel wiesselen sech d’Hären Théo Weidig, Georges Jungbluth mat nach verschiddenen aner Organisten of. D’Chorale Ste-Cécile vu Märel, mat där d’Chantres säit e puer Joer zesumme schaffen ass och bei dëser Gelegenhet eng wärtvoll Ënnerstëtzung. Zesummen hoffe mer, den Nolauschterer eng schéin Adventsstëmmung ze vermëttelen.

Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei

De musikalische Programm vun der Mass

Entrée: Uergel Improvisatioun iwert Venez, divin Messie
Agangslidd Venez, divin Messie P. Roguet; P. Barjon (LD 365)
Kyrie Tau aus Himmelshöhn ML Thurmair; H. Rohr (LD 115)
Alleluja Alleluja Taizé (LD 210)
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Nous avons vu les pas de notre Dieu Scouarnec; M. Akepsimas (LD 371)
Sanctus Saint Wackenheim (LD 351)
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Agneau de Dieu Wackenheim (LD 352)
Kommiounslidd Peuples qui marchez Scouarnec; M. Akepsimas (LD 380)
Schlusslidd Aube nouvelle Scouarnec; M. Akepsimas (LD 377)
Sortie: Uergel Marche Fr Schubert

Chouer: Chantres de St Joseph Cessange & Chorale Ste Cécile de Merl
Dirigent: Pascale Philippy
Organist: Georges Jungbluth

Ënnerstëtzt d’Iwwerdroung vun der Radiosmass mat Ärem Don

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu